Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bausecteur mat "historescher Kris" konfrontéiert

Handwierkerkammer

Bausecteur mat "historescher Kris" konfrontéiert

Wéinst der Logementskris wieren eng 4.600 Aarbechtsplazen am Bausecteur menacéiert. Dat schätzt d’Chambre des Métiers. Dëse Secteur wier mat der Perspektiv vun enger “historescher Kris” konfrontéiert. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Dat koum bei der Konjunktur-Enquête fir dat drëtt Trimester eraus, mat de Previsioune fir déi dräi lescht Méint vun dësem Joer, erkläert den Norry Dondelinger vun der Handwierkerkammer.

“Wa mer elo kucken, d’Evolutioun beim Bau-Entrepreneur, da si mer elo schonn op engem Niveau, wa mer eis Enquête kucken, dee méi déif ass, wéi deen, dee mer an der Pandemie erreecht haten.”

De Vertrieder vun der Chambre des Métiers erënnert zum Beispill, dorun, datt am zweeten Trimester dëst Joer, 63 Prozent manner nei Logementer verkaaft goufen, am Verglach mam selwechten Zäitraum 2022.

Iwwer 4.000 Plaze si menacéiert

Leit aus dem Bausecteur géife schätzen, datt wéinst der Kris eng 1.500 Logementer manner gebaut ginn, esou den Norry Dondelinger.

“Wa 1.500 Wunnenge manner géife gebaut ginn, da géif dat 4.600 Emploie menacéieren: wat awer elo net heescht, dass déi onbedéngt verluer ginn, déi Emploien. Mee et ka sinn, datt wa Leit ze vill sinn an enger Entreprise, datt déi vun enger anerer géife rekrutéiert ginn.”

Eng Fuerderung: radikal Vereinfachung vu Prozeduren

Vun der nächster Regierung fuerdert d’Handwierkerkammer eng ambitiéis Logements-Offensiv, mat enger radikaler Vereinfachung vun de Geneemegungs-Prozeduren. Donieft sollen Investissementer no vir gezu ginn.

“Oder awer fir verschidden Decisiounen ze iwwerdenken, wéi zum Beispill wat den Amortissement accéléré ugeet oder d’Baisse vum Rendement vum Plaffong beim Bail à Loyer.”

No der Presentatioun vun dëse Fuerderunge bei de Koalitiounsverhandlungen zu Senneng, hätt een nach kee Feedback kritt, wat domat soll geschéien, seet den Norry Dondelinger.

Lauschterenplay_arrow