Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Astrid Sonne - Say You Love Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bauereprotester: De Croo an Attal si gefuerdert

Belsch a Frankräich

Bauereprotester: De Croo an Attal si gefuerdert

D‘Bauereprotester an der Belsch gi virun. Un der Belsch-Lëtzebuerger Grenz sinn nom Blockage gëschter fir haut zwar kéng Aktioune méi gemellt, mee et gëtt weider Protester uechter d‘Belsch, esou den ëffentlech-rechtleche Sender RTBF.

auto_stories

1 min

Dee mellt och, datt gëschter Owend Trakteren sech ënnerwee a Richtung Bréissel gemaach hätten. D‘Mobilisatioun vun de Bauere kéint bis iwwermuer daueren, wann zu Bréissel een ausseruerdentlechen EU-Sommet ass, esou RTBF.

De belsche Premier Alexander De Croo soll am spéide Mëtteg Vetrieder aus der Landwirtschaft begéinen, den Agrarminister David Clarinval ass och bei där Reunioun derbäi.

Franséich Bauere mat weidere Protester

Zu Paräis blockéieren d‘Baueren och haut weider e puer grouss Autobunnen. Si waarden op nei Mesuren, déi d‘Regierung um Dënschdegmëtteg annoncéiere soll, fir de Baueren entgéint ze kommen. Een éischte Mesurepak, den de Premier Gabriel Attal d‘leschte Freideg annoncéiert hat, geet de Baueren net duer. Si hate gëschter am ganzen aacht strategesch Plazen op Autobunne ronderëm Paräis blockéiert a sinn iwwer Nuecht op hire Positioune bliwwen.

De franséische Premier mécht dann de Mëtteg virun der Assemblée seng „déclaration de politique générale“. De Gabriel Attal wäert do ënner anerem säi Programm fir de Mëttelstand an déi ekologesch Transitioun bekannt ginn. D‘Police seet, si géif sech erwaarden, datt och wärend der Ried vum Premier Bauere protestéieren wäerten