Radioen

On air

Notturno  |  Einstürzende Neubauten - Youme & Meyou

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Barack Obama soll un Joe Biden zweiwelen

Weider Demokrate schloen Alarm

Barack Obama soll un Joe Biden zweiwelen

Am demokratesche Camp schéngt de Réckhalt fir den Joe Biden weider ze bréckelen. Elo hätt och de fréiere President Barack Obama Zweiwel drun, datt de Biden de gudde Kandidat ass, mellen US-Medien.

auto_stories

1 min

Barack Obama an Joe Biden | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - Pool via CNP

Gëschter war gemellt ginn, d‘Nancy Pelosi, déi fréier Presidentin vum Representantenhaus, hätt dem Biden an engem Telefonsgespréich gesot, datt hien den Trump net schloe kéint.

Den Joe Biden huet dëser Deeg Zäit nozedenken. Hien ass wéinst enger Corona-Infektioun weider an Isolatioun. 

Donald Trump: "Mir hunn ee gemeinsaamt Schicksal"

Den Donald Trump ass iwwerdeems elo offiziell Kandidat vun de Republikaner fir d'Presidentewalen am November. Hie gouf um Parteidag vun de Republikaner nominéiert. Hie wëllt de President vu ganz Amerika sinn, huet hie versprach. "Mir hunn ee gemeinsaamt Schicksal", sot hien. "Mir stinn zesummen op, oder fale gemeinsam", esou dem Trump seng Ausso.