Radioen

On air

Notturno  |  Jacques Charlier - L'Amour Dans Les Chansons

play_arrow Live
search

/ Bal 1.500 Hospitalisatioune wéinst Gripp a Covid

Wanter 2024/25

Bal 1.500 Hospitalisatioune wéinst Gripp a Covid

D‘Grippenepidemie war dëse Wanter zimmlech hefteg, besonnesch bei de Kanner. Den Héichpunkt wier awer zënter der leschter Woch am Januar iwwerstanen, wéi d’Gesondheetsministerin Martine Deprez (CSV) an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro preziséiert.

auto_stories

1 min

Impfdosen mit dem saisonalen Wirkstoff gegen die Grippe | © picture alliance/dpa | Robert Michael
Impfdosen mit dem saisonalen Wirkstoff gegen die Grippe (Foto: picture alliance/dpa | Robert Michael)

An de Méint Dezember a Januar wieren iwwer 7.000 Kanner an der Urgence vun der Kannerklinik gewiescht. Ufank Februar waren d’Better an där Kannerklinik zu bal 90 Prozent beluecht.

Wéinst Gripp a Covid goufen et tëschent September 2024 a Februar 2025 am Total, also mat erwuessene Patienten, bal 1.500 Hospitalisatiounen.

Der Ministerin no, hätte sech dëse Wanter iwwer 90.500 Leit géint d’Gripp impfe gelooss, a bal 13.000 géint Covid.

Wéi vill Doudesfäll et dëse Wanter a Relatioun mat Gripp a Covid goufen, wier nach net gewosst, esou d’Martine Deprez.