Radioen

On air

Fiasko Fest  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ BBC verfollegt presuméierte Mënscheschmuggler bis op de Kierchbierg 

Nom Doud vun engem irakesche Meedchen

BBC verfollegt presuméierte Mënscheschmuggler bis op de Kierchbierg 

Déi brittesch Noriichtechaîne BBC huet e presuméierte Mënscheschmuggler vu Calais bis op Lëtzebuerg no verfollegt. De Mann soll fir den Doud vun op d‘mannst 5 Mënsche responsabel sinn, dorënner e 7 Joer aalt Meedchen aus dem Irak. Si waren am Abrëll um Wee fir op Groussbritannien op engem iwwerfëllte Schlauchboot gestuerwen.

auto_stories

1 min

Mënscheschmuggler BBC Kierchbierg | © BBC
Screenshot: BBC

Op Videoopname gesäit een e Journalist vun der BBC, wéi hien hei um Kierchbierg virum Europaparlament e Mann konfrontéiert. Seng Identitéit confirméiere si duerch en Telefonsuruff genee an deem Abléck op säin Handy.

En Undercover-Journalist hat sech als Refugié ausginn a virdru via Telefon mam Verdächtege verhandelt, fir iwwert d‘Grenz a Groussbritannie geschmuggelt ze ginn. De Mann, deen am Milieu als "The Mountain", also de Bierg, bekannt wier, streit alles of.

Hie soll sech am Primo-Accueil um Kierchbierg opgehalen hunn a wier selwer Migrant mat onklorem Status. D‘BBC huet déi franséisch Police informéiert.

Op eis Nofro hin huet den Inneministère matgedeelt, datt ee vun dëser BBC-Reportage Kenntnis geholl hätt an d'Informatioune ganz eescht géing huelen. Weider Informatioune kéint een zu dësem Ament awer net ginn.

Dat Ganzt kann een op bbc.com noliesen.