Radioen

On air

Vue sur mer  |  Bon Enfant - Trompe-l'Oeil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​Atomkraaftwierk Saporischschja: IAEA fuerdert op en Neits der Ukrain d'Kontroll zréckzeginn

Ukrainkrich

​Atomkraaftwierk Saporischschja: IAEA fuerdert op en Neits der Ukrain d'Kontroll zréckzeginn

Déi russesch Arméi soll hir Zaldoten aus dem Atomkraaftwierk vu Saporischschja zeréckzéien an d‘Kontroll vum Wierk den Ukrainer iwwerloossen.

auto_stories

1 min

© IAEA Facebook
(Foto: IAEA Facebook)

Dat gouf op d‘Joresversammlung vun der IAEA – der internationaler Atomenergieautoritéit - zu Wien gefuerdert. D‘IAEA soll och permanent Observateuren am Wierk kënne stationéieren, déi Zougang zu alle Beräicher vum Atomkraaftwierk kréien.

Déi russesch Besatzung vum Wierk dauert scho Méint a schaaft een enorme Sécherheetsrisiko, esou d‘IAEA.