arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Assurancë mussen net opkommen, wann een d'Vakanz wéinst "Krichsfall" muss ofbriechen

Reesen

|
reading time

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Assurancë mussen net opkommen, wann een d'Vakanz wéinst "Krichsfall" muss ofbriechen

An der Ouschtervakanz huele vill Lëtzebuerger:innen de Fliger a Richtung Sonn. Wéinst dem Krich am Mëttleren Oste wäerten dëst Joer vill Leit zécke fir beispillsweis op d'arabesch Hallefinsel ze fléien. A wéi wäit kann eng Reesversécherung opkommen, wann ee seng Rees ofseet?

reading time

4 min

headphones

5 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Harald Tittel
(Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

Ob een d’Sue fir eng Rees, déi ee vu sech aus net untrëtt, zeréckkritt, géif vu verschiddene Facteuren ofhänken, erkläert de Marc Hengen, Direkter vum Verband vun den Assurancen- a Reassurancë-Gesellschaften, ACA.

Ënnerscheed, ob een e Package bucht oder Hotel a Vol eenzel 

Zum Beispill misst een en Ënnerscheed maachen, ob een e Package gebucht huet mat Vol an Hotel, oder ob een dat eenzel selwer gebucht huet. Bei engem Package wier et esou, datt ee géif ënnerschreiwen, datt een d'Rees och untrëtt. 

"Dann hänkt et natierlech vun de Reesen of, bis wéini kann een déi ofsoen oder net. An ab wéini kann ee se net méi ofsoen oder wann ee se net untrëtt, muss een awer de ganzen oder bal de ganze Präis bezuelen. Dat hänkt wierklech dovun of, wat ee gebucht huet, wat do d'Konditiounen am Fong sinn."

Ween eng Rees déi en am Package gebucht huet also kuerzfristeg wëllt ofsoen, muss dat mam Organisateur kucken. Dacks géif et do gestaffelt Tariffer ginn.

"Do soll een da kucken, bis wéini kann ech ouni Fraisen ofsoen a vu wéini u muss ech d'Hallschent, dräi Véierel oder och de ganze Präis bezuelen an och näischt zeréckkréien."

Wien de Vol an den Hotel eenzel bucht, muss dat mat der respektiver Airline an dem Hotel klären. Och hei géif et jee no Fall d’Méiglechkeet gi bis zu engem bestëmmten Datum ouni zousätzlech Käschten ze annuléieren. Eng allgemeng Reegel géif et awer net ginn, esou de Marc Hengen.

Speziell Versécherunge kënnen a verschidde Fäll opkommen

Dofir misst ee sech ëmmer selwer informéieren. Allgemeng géif awer gëllen, wat ee sech méi laang Zäit léisst mat der Decisioun, wat ee manner Suen zeréckkritt. Eng Ausnam wier déi sougenannt Reiserücktrittskostenversicherung, erkläert de Marc Hengen. 

"Do gëtt et dann d'Méiglechkeet, well d'Leit sech soen, wann ech krank sinn oder wann ee gestuerwen ass an der Famill, da wëll ech awer net kënnen déi Rees untrieden an och net op de Fraise sëtze bleiwen."

Wann een déi Versécherung huet, sollt een awer net op d’Iddi kommen, fir esou e Grond ze simuléieren, warnt de Marc Hengen.

"Dat ass eng Tentative de fraude à l'assurance, an dat si correctionel Peinen, déi do drop stinn, wann een déi Suen dann ergaunert. Et dierf een déi och net einfach esou ginn. Dat ass eng falsch Deklaratioun, fir dann indument Suen do erauszekréien. An der Reegel gëtt do och en Certificat médical gefrot. Dat heescht, dat geet och net einfach esou fir ze soen, ech si krank, ech kann net goen."

De Fall wier awer en aneren, wann den Organisateur vun enger Rees, déi géif ofsoen, esou de Marc Hengen weider.

"Den Organisateur mécht dat normalerweis jo net, mee da kritt een d'Suen integral zeréck an da wäert déi Rees och net kënne stattfannen."

Organisateuren net verflicht, Alternativen unzebidden

Vill ännere géif sech dorun och net, wann een a krichsänleche Situatioune wier, wéi dat bei Destinatioune ronderëm de Mëttleren Osten de Fall kéint sinn. 

"Do ginn et menges Erachtens keng uniform Reegelen. Et gëtt eng generell Reserv, wann e Krichs- oder e krichsänlechen Zoustand do ass, wou déi Rees soll higoen, da kann den Organisateur dat ofsoen, muss dann d'Suen zeréckginn, mee dat ass et awer dann."

A verschidde Fäll géifen d’Organisateure vun der Rees och Alternativen ubidden, mee och hei erënnert de Marc Hengen drun, datt een all Fall eenzel misst kucken. Rechtlech wieren d’Organisateuren net dozou verflicht eng Alternativ unzebidden.

Bei iwwerraschenden Attacken ass een op sech gestallt 

Wat d’Reesen op Destinatiounen am méi enken Ëmkrees vum Mëttleren Oste concernéiert, réit den Direkter vun der ACA jidderengem eng perséinlech Risikobewäertung ze maachen. 

"Wann ee wëllt op Zypern goen, da kann ee goen. Et muss ee just de Risiko akzeptéieren, deen dann eventuell do besteet. Wéi dann d'Situatioun elo ass, par rapport zu enger solcher Rees, oder och Ägypte genannt, ass och e bëssen, wat ee wëllt als Risiko agoen oder wat een net als Risiko wëllt agoen."

Wann ee bis op enger Destinatioun ukomm wier an een duerch iwwerraschend Attacken net méi géif heem kommen, wier een op sech eleng gestallt.

"Generell ass et esou, datt d'Assureuren net de Krichsfall ofdecken. Dat heescht, am schlëmmste Fall muss een da kucken, wéi ee sech organiséiert."

Genee dëse Fall wier och virun e puer Woche bei de Rapatriementer vu Lëtzebuerger:innen aus dem Mëttleren Osten agetrueden. Dat wier ënner de krichsänlechen Zoustand gefall. Dofir hätten d’Versécherunge keng Käschte fir Iwwernuechtungen oder Flich iwwerholl.

play_arrow Lauschteren