arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden begréisst Wafferou am Noen Osten a gesäit awer nach Risiken an Inconnuen

Krich am Noen Osten

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Luc Frieden begréisst Wafferou am Noen Osten a gesäit awer nach Risiken an Inconnuen

De Premier Luc Frieden seet am 100,7-Interview, datt déi virleefeg Wafferou vun zwou Wochen tëschent den USA, Israel an dem Iran elo e Schrëtt an déi richteg Richtung wier, awer et wier ee sécherlech nach net um Enn. Iwwerdeems dierft een d’Situatioun am Libanon net vergiessen.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Premier Luc Frieden | © Jo Diseviscourt
De Premier Luc Frieden (Foto: Jo Diseviscourt)

De Konflikt tëschent der pro-iranescher Hisbollah-Miliz an Israel ass net vun der Wafferou betraff an de Libanon ass een direkten Noper vun der Europäescher Unioun. 

"Zypern läit ganz no beim Libanon. Ech hu virun e puer Deeg mam Premierminister vum Libanon telefonéiert a mir wiere ganz frou, wann et och do géif zu engem Waffestëllstand kommen. De Libanon ass an enger schwiereger Situatioun, och wat déi humanitär Situatioun ubelaangt. Vill Leit hunn net genuch ze iessen an dat kann eis net egal sinn. A mir halen och drop, datt och am Libanon d'Uno-Prinzippien applizéiert ginn, an dat sinn déi och vun der Souveränitéit an der territorialer Integritéit vum Libanon."

Dofir dierft een de Libanon och net vergiessen, wann een iwwer de Noen Osten schwätzt, esou nach de Premierminister. Israel hat jo annoncéiert, datt si onofhängeg vun der ausgehandelter Wafferou am Noen Osten, weiderhin hir militäresch Aktiounen am Libanon géife fortféieren.

Luc Frieden: "Net op all Post direkt reagéieren"

De Luc Frieden wier frou, datt d’Welt -Zitat- "hënt net explodéiert wier". Trotzdeem géife weiderhi Risikoen an Inconnue bestoe bleiwen. Virun allem wat a mat wiem, wie verhandelt, wier nach net gewëss. 

Zum Donald Trump sengem Langage a senge rezenten Drohungen, mengt de Luc Frieden, datt een net ëmmer op all Post direkt sollt reagéieren. 

"Ech mengen, datt et wichteg wier, datt mir eis op Inhalter konzentréieren. An Inhalter musse fir eis sinn, datt mir eng Welt hunn, wou et no gewëssene Reegele viru geet. An dozou gehéiert natierlech d’Diplomatie, dozou gehéieren d’Prinzippie vun der UNO-Charta an dozou gehéiert dofir ze contribuéieren, datt Rou an der Regioun ass an datt d’Strooss vun Hormus – déi wichteg ass, net nëmme wéinst dem Pëtrol, mee och wéinst dem Dünger an domat fir d’Ernärung vu ville Mënschen, datt déi erëm opgeet."

Dofir sollt een och net ze vill Zäit domat verbréngen, fir op all Post ze reagéieren, esou nach de Premier Luc Frieden.

Och den Ausseminister äussert sech

Den DP-Ausseminister Xavier Bettel begréisst d'Wafferou och, gëtt awer ze bedenken, datt déi ganz fragil wier.

Deemno wieren d'USA an Israel op där enger an den Iran op där anerer Säit sech an 12 Punkten iwwerhaapt net eens. Et wier dofir momentan nach ganz schwiereg anzeschätze wéi d'Gespréicher tëschent deenen dräi Parteien am Pakistan verlafe géifen, esou nach den Ausseminister.

play_arrow Lauschteren
play_arrow Lauschteren