arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz virsiichtegem Optimismus iwwer d'Wafferou bleiwen d'Deputéiert skeptesch

Krich am Noen Osten

|
reading time

5 min

headphones

3 min

play_arrow

Trotz virsiichtegem Optimismus iwwer d'Wafferou bleiwen d'Deputéiert skeptesch

Déi éischt Reaktioun op déi virleefeg Wafferou vun zwou Wochen tëschent den USA, Israel an dem Iran ass bei den Deputéiert vun alle Fraktiounen aus der aussepolitescher Chamberkommissioun déi nämmlecht: Et ass een erliichtert, datt et gëschter net zu enger weiderer Eskalatioun komm ass.

reading time

5 min

headphones

3 min

play_arrow
Chamber | © Chambre des Députés / flickr
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

Allerdéngs si sech dDeputéiert och eens, datt een trotz virsiichtegem Optimismus skeptesch bleiwe muss

Ëmmerhi géif den US-President Donald Trump seng Meenung ouni Virwarnung ëmmer nees séier änneren. Doduerch géif d’Situatioun ongewëss bleiwen, an de Bléck an d’Zukunft schwiereg.

Ofwaarden, wat déi nächst Schrëtt sinn

Och ob d’Wafferou agehale gëtt, bleift ofzewaarden, esou den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet.

"Dem Här Trump seng Iwwerleeungen, déi ännere jo praktesch am Stonnentakt: Wat seng Ziler sinn, wat e wëllt erreechen. Dann huet hien et erreecht, dann huet hien et nach net erreecht. Dofir soll een éischter mol virsiichteg sinn an ofwaarden, wat déi nächst Schrëtt wäerte sinn." 

Virun allem d’Zil vum Donald Trump an dësem Krich wier vu vir eran ongewëss gewiescht, seet de Piraten-Deputéierte Sven Clement.

"Et huet een e bëssen d'Gefill, datt hien ouni Plang an dee Krich eragaangen ass an elo verzweifelt no engem Plang sicht, fir erauszekommen, wou hien iergendwéi ka behaapten, hien hätt seng Ziler erreecht." 

Hoffnung op eng Otempaus

Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten seet och, d’Situatioun géif weiderhi ganz fragil bleiwen. Mee duerch déi annoncéiert Reouverture vun Hormus-Passage kéint een op d’mannst elo op eng Otempaus hoffen, wat d’Präisdeierecht ugeet.

"Mir gesi jo, datt duerch déi Annonce vun enger Wafferou elo scho mol d'Pëtrolspräisser op de Boursë liicht gefall sinn. Dat ass eng gutt Tendenz. Dat wäert sech hoffentlech an den nächsten Deeg op den Tankstellen an och an de Supermarchéë bemierkbar maachen."

Drock op Donald Trump misst oprecht erhale ginn 

Et dierft een awer net vergiessen, wéi vill Schued de Krich schonn am Iran an an der Weltwirtschaft ugeriicht huet. Déi Repercussioune wäert een och nach längerfristeg spieren, esou d’Deputéiert vun déi gréng, d'Sam Tanson. 

All Land hätt elo eng Verantwortung, fir den Drock op den Donald Trump oprechtzeerhalen, fir datt elo déi richteg diplomatesch Léisunge fonnt ginn. 

"Datt net ewechgekuckt gëtt. Et gëtt haaptsächlech ee Land an der Europäescher Unioun, wat ganz kloer dem Donald Trump hei d'Stier gebueden huet, dat ass Spuenien. A mir hoffen, datt déi Lëtzebuerger Regierung zesumme mat Spuenien an nach aneren hei eng ganz kloer Haltung huet a seet, datt et elo wierklech drëms geet, diplomatesch Léisungen ze fannen, déi Wafferou ze perenniséieren an och net méi zréckzegräifen op militäresch Mëttel." 

Iwwerdeems wier et ze hoffen, datt an nächster Zäit, d'Energiepräisser géifen erofgoen, esou nach déi gréng Deputéiert. Et géif een awer sécherlech d'Nowéien nach eng Zäit spieren. Dat géif op en Neits weisen, wéi wichteg déi energeetesch Transitioun wier, datt een net méi vu fossillen Energien aus där Regioun ofhängeg wier

Weider wier et wichteg, datt een d’Rhetorik, déi den US-President un den Dag leet, esou net géif akzeptéieren, esou nach d’Sam Tanson.

Där Meenung ass och de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun, de Gusty Graas.

Gusty Graas fuerdert eng däitlech Reaktioun vu Lëtzebuerger Säit 

D’Ausdrocksweis, déi den Donald Trump gebraucht, wéi ënner anerem säi Post gëschter zur Ausläschung vun enger Zivilisatioun, wier inakzeptabel. Do missten däitlech Reaktioune kommen, fuerdert den DP-Politiker. Och vu Lëtzebuerg.

"Ech perséinlech sinn der Meenung, datt een dat net kann einfach sou am Raum stoe loossen. Duerfir sinn ech elo scho mol a mengem Numm. An ech wier net onfrou, wann och aner Autoritéite géife sech d'selwecht äusseren." 

Wann een deen dote Language géif fleegen, da wier een op engem Niveau ukomm, wou eng Partnerschaft net méi fonctionéiere kéint, esou de Gusty Graas. 

"Wou d'Weltuerdnung ëmmer méi duerchernee gerëselt gëtt, an onofhängeg, datt dat en amerikanesche President ass, da muss een och als klenge Lëtzebuerger sech d'Recht eraushuelen a soen hei, dat do geet net."

Esouwäit de Gusty Graas, President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun, an enger Reaktioun op déi aktuell Situatioun ronderëm de Krich tëschent den USA, Israel an dem Iran.

play_arrow Lauschteren
play_arrow Lauschteren