Iwwer een EU-Mechanismus kann de Grand-Duché 532.000 Euro u Käschte rembourséiert kréien. D’Konditioun dofir ass, datt op d’mannst 30 Prozent EU-Bierger ouni Lëtzebuerger Nationalitéit u Bord vum Fliger waren.
Käschte fir de Staat vun 226.000 Euro
Am Endeffekt dierften déi fënnef Rapatriements-Aktiounen de Lëtzebuerger Staat 226.000 Euro kaschten: dat wiere 410 Euro pro Passagéier.
Vun deene fënnef Flich goufen der zwee vun der Luxair “à prix coûtant” assuréiert, een Charter-Fliger gouf gelount, an zwee weider Flich goufe mat Militärfligeren A400M an MRTT gemaach.
Ronn 600 Leit konnte rapatriéiert ginn
Et bleiwen nach ronn 110 Leit an den Emirater: 10 vun hinne wéilten zréck op Lëtzebuerg, esou de Xavier Bettel. Dës Leit misste mat kommerzielle Flich zréck kommen, huet den Ausseminister preziséiert.