Si sinn ënnerwee op Istanbul a sollen do géint 17:00 Auer ukommen. Dorënner d’Elisabeth Trocheris. Si ass och op engem vun de Videoen ze gesinn.
Si sinn u Bord vun engem Fliger, deen déi tierkesch Regierung gechartert huet, fir hir Leit ze rapatriéieren. Dat deelt de President Global Movement to Gaza Luxembourg, de Patrick Bosch an engem Communiqué mat.
Schaarf Kritik um israeelesche Policeminister
Den Ausseminister Xavier Bettel verurteelt iwwerdeems d’Verhale vum israeelesche Policeminister Itamar Ben-Gvir. De rietsextreeme Politiker hat gëschter selwer Videoe publizéiert op deen ze gesinn ass, wéi déi gefaange geholl Aktiviste vun der Internationaler Hëllefsflotilla ausgelaacht a mësshandelt ginn.
D’Verhale vum Policeminister Ben-Gvir wier absolut ze condamnéieren, esou den DP-Ausseminister Xavier Bettel op Nofro hin.
"Ech hunn déi Biller do vum Minister Ben-Gvir gesinn an déi sinn inakzeptabel. Dat ass einfach vun enger Onmënschlechkeet, vun engem Net-Respekt, wéi déi vun de Leit, vum Rescht einfach am Schlëmmsten ze condamnéieren.(...) Hei huet ee wierklech d'Gefill, dass verschidden israeelesch Politiker mengen, dass si alles kéinte maachen, wat si wéilten. An et ass schwéier, Wierder ze fannen."
Wat d'Lëtzebuerger Residenten ugeet, déi awer keng Lëtzebuerger sinn, hätt een déi zoustänneg Autoritéite kontaktéiert, esou nach de Xavier Bettel.
Ronn 400 Aktiviste vun der Global Sumud Flotilla waren uganks der Woch vun der israeelescher Arméi gefaange geholl ginn.
D’Verhale vum Policeminister gouf net just international schaarf verurteelt. Och den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet d’Verhale vu sengem Policeminister kritiséiert.