arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inflatiounstaux ass am Mäerz staark geklomm

Statec

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Inflatiounstaux ass am Mäerz staark geklomm

De Jores-Inflatiounstaux ass am Mount Mäerz wéi erwaart staark geklommen. Dat vun 1,3 Prozent am Februar op 2,4 Prozent am Mäerz. Déi staark Hausse ass op d‘Explosioun vun den Energiepräisser wéinst dem Krich a Iran zeréckzeféieren. Eleng hei gouf et e Plus vun 12,2 Prozent. Dat deelt de Statec mat.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Inflatioun | © Adobe Stock / gopixa
Inflatioun (Foto: Adobe Stock / gopixa)

Virop an dësem Kompartiment loung den Heizungsmazout mat engem Plus vu 37,3 Prozent. Mat enger nächster Indextranche ass weiderhin am zweeten Trimester vun dësem Joer ze rechnen, esou nach de Statec.  

Krich am Noen Osten huet däitlech Auswierkung op Previsiounen

Nach bei de leschte Previsiounen hat de Statec mat enger däitlech manner héijer Inflatioun gerechent, esou d’Jill Schaul, Responsabel fir d’Konjunkturprevisiounen beim Statec.

"Fir eis Schätzunge vum Februar hate mer do nach mat enger negativer Kontributioun geschat. A virum Ausbrieche vum Krich am Iran hu mer, fir Iech e bëssen ee Verglach ze ginn, mat engem Pëtrolspräis gerechent, deen ëm déi 60 US -Dollar pro Barrel wier fir 2026. Lo am Mäerz louch dësen am Duerchschnëtt awer scho bei iwwer 100 Dollar de Barrel, wat eeben och erkläert wisou, datt mer elo sou staark Divergenzen hunn."

Haaptgrond fir dës Entwécklunge bleift d’Hausse vun den Energiepräisser, déi iwwer ee Joer gekuckt leschte Mount ëm 6,1 Prozent geklomme sinn.

Energiepräisser fir Hausse verantwortlech

Ouni dësen Effekt vun den Energiepräisser wier d’Hausse vum Joresinflatiounstaux däitlech méi moderat ausgefall, erkläert de Lucien May, Responsabel fir d’Präisstatistik beim Statec.

"Ouni Pëtrolspräisser hate mer nëmmen eng moderat Hausse vun 0,1 Prozent gehat. Wann een da méi am Detail kuckt, dann d'Pëtrolsprodukter iwwert ee Mount, déi klammen ëm 12,2 Prozent do an de Mazout, wann een dee kuckt, deen ass iwwert ee Mount souguer ëm 37,3 Prozent geklommen, dann op der Tankstell muss een en Moyenne 15,6 Prozent méi bezuelen, wat am Fong eng historesch Hausse ass."

Aner Beräicher, wéi zum Beispill Liewensmëttel, sinn zwar och méi deier ginn, mee e gutt Stéck manner, wéi et bei der Energie de Fall ass.

Stéchdag fir Indextranche nach net bekannt

Wéini genee am zweeten Trimester déi nächst Indextranche erfale wäert, kéint een nach net viraussoen. Dat géif weiderhin ënnert anerem vun der Situatioun am Iran ofhänken; an éischter Linn och dovun, wéi et mam Passage vun Hormus viru geet, esou nach d’Jill Schaul.

"Wéi laang se elo opbleift, ass net gewosst. An dëst stellt natierlech weiderhin en immense Risiko duer, wat och d'Pëtrolspräisser laangfristeg nach kéint héich halen, also mat och d'Präisser op der Pompel, wéi och den Heizmazout undreiwe kéint."

De 6. Mee publizéiert de Statec dann déi nächst Inflatiounsprevisiounen.

 

play_arrow Lauschteren