De Fréijoer ass eng intressant Joreszäit am Bësch: Et kommen nees Blieder un d’Beem a méi Leit fannen de Wee an d’Natur. Mee zanter e puer Jore leit de Bësch ëmmer méi, wéi de Stater Fierschter Olivier Breger erkläert. Zanter 2018 waren d’Summeren all laang an dréchen. Et gouf och – mat Ausnam vum leschte Joer – vill ze mann Reen.
80 Prozent vum Bësch zu Lëtzebuerg ass krank
D’Buch verdréit d’Dréchent net gutt an et kann ee vill dier Äscht uewen an de Beem erkennen. Sou ginn d’Beem och nach méi liicht Affer vu Pilzbefall. Der Ficht geet et och net gutt, gréisstendeels wéinst dem Borkenkäfer. Sou si ronn 80 Prozent vun eise Bëscher zu Lëtzebuerg net ganz gesond. Den Olivier Breger mécht sech Suergen, well op laang Siicht ass et net sécher, op mir zum Beispill d’Buch zu Lëtzebuerg kënnen halen.

Déi ongesond an deels doudeg Beem bedeiten och vill Aarbecht am Bambësch. Dee gëtt vu sëllege Weeër duerchzunn, laanscht déi dat doudegt Holz reegelméisseg ewechgeholl gëtt. Den Olivier Breger betount awer, datt ee sech och de Géigendeel virstelle kéint.
Vill Beem wieren – och doudeg - ekologesch esou intressant, datt ee sech iwwerleeë kéint, de Wee fortzemaachen amplaz de Bam. Well och an doudege Beem fanne vill Déieren nach een doheem. Dat doudegt Holz um Buedem ass och wichteg. Et gëtt zu Dünger an zu Humus, killt de Buedem a späichert Waasser.
Firwat mussen d'Leit am Bësch oppassen?
Mee d’Personal, dat sech ëm de Bësch këmmert, kann net all Gefor aus der Welt schafen. Esou hänkt virum Bambësch ee Panneau, deen d’Leit dozou opfuerdert, beim spadséieren opzepassen. Mee firwat eigentlech? Den Olivier Breger erkläert, datt am Summer grouss Äscht eroffale kënnen, well d’Beem ze schwaach sinn.
Bei Stuerm a staarkem Wand soll ee souwisou aus dem Bësch rausbleiwen. An och puer Stonnen no engem Stuerm soll een de Bësch evitéieren, well futtis Äscht, déi an de Beem hänken, nach eroffale kënnen. Wann een am Bësch eppes gesäit, wat eng potentiell Gefor kéint duerstellen, da kann een dat an der App vun der Stad Lëtzebuerg mellen.
De Fierschter erënnert och nach eng éier drun, datt d’Leit op de Weeër solle bleiwen, kee Kaméidi, Feier oder Dreck solle maachen, an d’Hënn am beschten och un der Léngt solle loossen.

De Bësch méi resistent maachen
Wann een dann duerch de Bësch spadséiert, da gesäit een eventuell Beem, déi mat engem roude Stréch gekennzeechent sinn. Wat huet et domat op sech? Den Olivier Breger erkläert, datt et eng vu sengen Aufgaben ass, de Bësch méi resistent géint de Klimawandel ze maachen. Dofir gëtt am Bësch och reegelméisseg eng Duerchforstung virgeholl.
Et gi Beem selektionéiert, déi staark a gesond sinn. Fir datt déi sech nach besser entwéckele kënnen, mussen ongesond Beem niewendru fortgemaach ginn. Dës Beem ginn da mat engem roude Stréch markéiert. Wann dës Beem bis fort sinn, huet dee staarke Bam méi Plaz fir ze wuessen, an et fält méi Sonneliicht op de Buedem.

Eng Fro bleift awer nach: Wat geschitt mat de Beem, déi bei der Duerchforstung gefällt ginn? Den Olivier Breger erkläert, datt déi gefällte Beem op eng ëmweltschounend Aart a Weis aus dem Bësch geholl ginn, nämlech mat Päerd. Duerno gëtt probéiert, d’Holz esou lokal ewéi méiglech ze verschaffen.
Déi schéinste Stécker gi fir d’Miwwelindustrie versteet. Mannerwäertegt Holz gëtt an der Industrie zu Pabeier oder Brennholz verschafft. Mee eigentlech gëtt versicht, d’Holz esou weider ze notzen, datt de gespäicherten CO2 net fräigesat gëtt, zum Beispill als Deel vun enger Charpente.