Radioen

On air

Spektrum  |  The Script - Both Ways

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass en Unisdiplom keng Garantie méi géint Chômage?

Aarbechtswelt

Ass en Unisdiplom keng Garantie méi géint Chômage?

Een Unisdiplom schützt haut effektiv net méi onbedéngt viru Chômage, seet de Soziolog Louis Chauvel. Dat kléngt awer méi dramatesch wéi et an der Realitéit ass, sou de Professer vun der Uni Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

De Louis Chauvel ass Professer fir Soziologie op der Uni Lëtzebuerg. (Foto: Chris Zeien)

Virun zwanzeg Joer wier et quasi onméiglech gewiescht eng Persoun mat Bachelor-Ofschloss ze fannen, déi am Chômage ass, haut ass dat méi dacks de Fall, och zu Lëtzebuerg. Den 31. Dezember 2023 ware knapp 18.200 Leit op der Sich no enger Schaff, hei am Land. 15,5 Prozent méi wéi am Dezember 2022. Suguer ëm bal 25 Prozent ass an deem selwechten Zäitraum d’Proportioun vun den Akademiker an der Aarbechtslose-Statistik eropgaangen: All véierte Chômeur huet en Héichschoul-Studium ofgeschloss.

En Diplom hëlleft fir manner laang am Chômage ze sinn

De leschten Dezember hate 27 Prozent - also knapps ee Véierel vun de ronn 10.000 demandeurs d'emploi - een Unisdiplom. Zwielef Méint virdru ware manner Leit mat Unisdiplom am Chômage. Dat wier net dramatesch, sot Ufanks Januar d'Direktesch vun der ADEM am 100,7-Interview, wichteg wier, datt d'Leit net ze laang am Chômage géife bleiwen. De Louis Chauvel ass mat där Analys averstanen, een Unisdiplom wier keen "rempart absolu" géint de Chômage, mee den Diplom hëlleft de Leit fir séier nees eng Aarbecht ze fannen.

"Les diplomés chômeurs, c'est quelque chose qui ressemble beaucoup à un pays surdéveloppé du point de vue des diplômes et dont l'économie ne suit pas. Malheureusement le Luxembourg commence à être un peu vaguement touché. Il faut rassurer les auditeurs: Le Luxembourg reste un pays stable du point de vue de sa politique, de son économie et de sa société. Mais il faut être vigilant."

Zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Diploméierter an dofir wier et mathematesch gesinn och logesch, datt bei de Chômeuren den Undeel vun Diploméierten och géif erop goen.

Jonker hunn haut méi e grousse Choix

Déi Jonk déi um Aarbechtsmarché aktiv sinn, géifen och net ëmmer an deem Secteur schaffen, deem hiren Diplom entsprécht. Si hätten och einfach vill méi e grousse Choix wéi fréier.

"J'ai des étudiants qui ont fait des études tout à fait compétitives à Sciences Po Paris et qui étaient destinés à être juriste d'état et qui ont fini par décider de faire des savons artisanaux. Le plus important c'est que les gens se réalisent et soient autonomes dans ce qu'il font et ne dépendent pas de leurs parents."

Jonker wëlle sech haut méi ausprobéieren

Vill Leit géifen haut awer och an engem gewësse Precariat schaffen, well se ëmmer just befrist Aarbechtskontrakter géife kréien. Verschiddener géifen net gutt domat eens ginn, fir Anerer wier et ee bewosste Choix, fir zum Beispill e puer Méint am Joer immens vill ze schaffen, fir dono dann eng laang Rees ze maachen, sou de Fuerscher.

"Les jeunes finissent par s'habituer à un monde ou l'emploi fonctionnaire à vie, qui commence de l'âge de 20 ans et qui se finit à 60 ans. C'est quelque chose qui n'a pas forcément de très bonne presse, parce que c'est un côté tres enfermant."

Jonker géife bis e gewëssen Alter och dacks gär verschidden Aarbechten ausprobéieren, eventuell a verschiddene Länner schaffen, oder de Secteur wiesselen an deem se schaffen. An dobäi géifen Diplomer eben hëllefen, sou de Louis Chauvel.


 

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft