Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aspuerunge vun 10 Milliarden Euro néideg: Ekonomesche Wuesstem a Frankräich manner grouss wéi erwaart

Franséisch Wirtschaft

Aspuerunge vun 10 Milliarden Euro néideg: Ekonomesche Wuesstem a Frankräich manner grouss wéi erwaart

Déi franséisch Regierung huet hir Previsioun fir den ekonomesche Wuesstem däitlech no ënne revidéiert. Dës Joer soll de PIB a Frankräich nëmmen 1 Prozent wuessen. Bis elo war d‘Regierung vun 1,4 Prozent Wuesstem ausgaangen.

auto_stories

1 min

Foto: European Union

De franséische Wirtschaftsminister Bruno Le Maire sot gëschter Owend op TF1, de franséische Staat misst elo direkt 10 Milliarden Euro bei den Depense spueren, well manner Steier-Recette era koume wéi erwaart.

Déi revidéiert Wuesstemsprevisioun géif deem neie geo-politesche Kontext Rechnung droen, sou de franséische Wirtschaftsminister. Nieft de Kricher an der Ukrain an am Noen Osten huet de Bruno Le Maire och nach e staark Ofbremse vun der chineesescher Wirtschafts genannt, an déi ekonomesch Rezessioun zejoert an Däitschland.