Déi méi grouss Sekundärnäschter entstinn eréischt am Summer.
Gëschter hat d’Regierung e plan d’urgence publizéiert, dee soll hëllefen, déi Asiatesch Runn ze bekämpfen. Am Plang si Finanzhëllefe vu bis zu 300€ virgesinn, wann Näschter op privatem Terrain mussen erofgeholl ginn.
Am beschten ouni Bioziden
Dës Aarbechte mussen awer vun enger zertifiéierter Firma duerchgefouert ginn. Wann esou een Nascht ewech gemaach gëtt, sollten am beschten och keng Bioziden - also chemesch Produite - benotzt ginn, esou d’Sonja Thill vum Ëmweltministère.
"Et muss ëmmer individuell vun der Situatioun gekuckt ginn, déi um Privatterrain ass. Ëm wéi een Nascht - méi kleng, méi grouss - handelt et sech? Wou ass et ze fannen? An da muss dat den Operateur op der Plaz decidéieren. Et kann een net ëmmer op Biozide verzichten, mee et sollt een awer all aner Méiglechkeet fir d'éischt consideréieren."
Wann et net ouni Biozide géif goen, da wier et awer an der Rei, op déi zu Lëtzebuerg autoriséiert Bioziden zeréckzegräifen, esou nach d’Sonja Thill vum Ëmweltministère.
Bis ewell hätten eng zéng Entreprisen zu Lëtzebuerg déi néideg Zertifikatioun fir Näschter ewech ze maachen, huet si nach präziséiert. De ganze Käschtepunkt vun sou enger Interventioun géing bei klenge Näschter ënner 200 Euro leien. Jee no Gréisst vum Nascht kéint et awer och e gutt Stéck méi deier ginn.