arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktiounsplang Ernärung: 40 Mesuren fir méi nohalteg mat Liewensmëttel ëmzegoen

Ernärung

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Aktiounsplang Ernärung: 40 Mesuren fir méi nohalteg mat Liewensmëttel ëmzegoen

Lëtzebuerg huet fir déi éischte Kéier een Aktiounsplang Ernärung: Zu dësem politesche Kader fir een nohaltege Liewensmëttelsystem gehéiere 40 Mesuren, déi bis 2030 sollen ëmgesat ginn. Den Aktiounsplang gouf e Freideg vum Regierungsrot ugeholl.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
(v.l.n.r.) Nathalie Unsen, Martine Hansen | © Ministère de l’Agriculture
(v.l.n.r.) Nathalie Unsen, Martine Hansen (Foto: Ministère de l’Agriculture)

D’CSV-Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau Martine Hansen huet dëse Plang mat konkrete Moossname elo virgestallt. 

Méi Uebst a Geméis sollen an Zukunft hei am Land produzéiert ginn, an de Klinicken a bei der Arméi zum Beispill solle méi lokal a biologesch Liewensmëttel agesat ginn, an eng Etüd soll analyséiere, wéi d’Leit sech iwwerhaapt ernären. Dat sinn nëmmen dräi vun de Mesuren aus dem neien Aktiounsplang fir d’Ernärung, déi d'Ernärungsministesch virgestallt huet.

"Eng Haaptachs ass d'Alimentation équilibrée. Eng zweet ass dann d'regional, bioregional a saisonal Produkter. (...) Een drëtten Haaptpunkt ass d'Bekämpfung vun der Liewensmëttelverschwendung. An ee véierten Haaptpunkt ass d'Liewensmëttelsécherheet an d'Liewensmëttelsouveränitéit."

Acteuren aus dem Liewensmëttelsystem aktiv mat abannen

D’Ziler aus dësem Aktiounsplang mat am Ganze 40 Mesuren an 80 Ënnermesurë sollen ënner anerem duerch Innovatioun an duerch Formatiounen erreecht ginn. D’Ministesch hofft och drop, datt d’Acteuren aus dem Liewensmëttelsystem elo verstäerkt kënne mat agebonne ginn.

"Datt déi och selwer mat Iddie kommen, fir datt mer déi Rumm, déi mer elo gestallt hunn, mat Liewe fëllen, a fir datt mer déi Ziler, déi mer hunn, kënnen erreechen. Dofir ass d’Collaboratioun mat deene verschiddenen Acteure fir eis extrem wichteg."

Stëmm vun der Strooss als Virreider

Als ee positiivt Beispill géint d’Verschwende vu Liewensmëttel huet d’Martine Hansen d’ASBL Stëmm vun der Strooss genannt, déi 300.000 Kilo Liewensmëttel pro Joer géif retten.

"Well si déi zum Deel aus Supermarchéë kréien a well se dat verschaffen. Dat ass natierlech eng Win-Win-Situatioun. D’Liewensmëttel hu mer virum Fortgeheie gerett, mir hunn eppes fir d’Ëmwelt gemeet a mir hunn natierlech ee ganz grousse sozialen Aspekt hei."

Änlech Projete sollen och an Zukunft ënnerstëtzt ginn, huet d’Ministesch bei der Presentatioun vum éischten Aktiounsplang Ernärung ugekënnegt.

 

play_arrow Lauschteren