Kuerz virum EU-Sommet huet de Premier Luc Frieden et um Donneschdegmoie begréisst, datt sech d’Europäesch Unioun eens ginn ass iwwer en neie Pak vu Sanktioune géint Russland.
Op der Reunioun zu Bréissel vun de Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner ass och den ukrainesche President Wolodymir Zelensky mat derbäi.
D’Sanktioune wiere wichteg, fir den Drock op Russland weider oprecht ze erhalen, sou de Luc Frieden.
“D’Ukrain ass wichteg fir Europa. D’Ukrain läit an Europa. Mir kënnen deen Dossier net just den Amerikaner iwwerloossen”.
Op der Reunioun soll och iwwert den Asaz vum agefruerene russesche Staatsverméige geschwat ginn. Et geet an der Haaptsaach ëm 140 Milliarden Euro, déi an der Belsch agefruer sinn an déi sollen der Ukrain als Prêt zur Verfügung gestallt ginn.
Russescht Staatsverméigen: Keng "gréisser Zommen zu Lëtzebuerg"
De Belsche Premier Bart de Wever sot um Donneschdegmoien, dee Projet wier mat “riisege Risiken” verbonnen. Et misst ee sech op Plainten a Milliardenhéicht gefaasst maachen. Dofir wier et wichteg, de legalen Text vun der Propos genee ze analyséieren.
Déi Propos, dofir läit nach net vir, d’Europäesch Kommissioun soll vum Sommet aus den Optrag kréien, ee juristeschen Text auszeschaffen.
De Bart de Wever sot och, de Risiko, dee mam Projet verbonnen ass, misst vun allen EU-Länner an net just vun der Belsch gedroe ginn. Dernieft huet hien drop higewisen, datt russesch Staats-Suen net nëmmen an der Belsch, mee och an anere Länner leien, an déi missten och geholl ginn.
Lëtzebuerg géif net zu deene Länner gehéieren, stellt de Luc Frieden op eis Nofro hin kloer.
“Lëtzebuerg huet keng gréisser Zomm vu russesche Staatsgelder. Ech schwätzen hei vu Gelder virun allem vun der russescher Zentralbank an déi si bei EuroClear zu Bréissel. Ech weess net, wou aner där Gelder leien.”
De Luc Frieden huet sech awer däitlech manner skeptesch wéi nach virun e puer Woche gewisen.
"Moralesch fannen ech et richteg, datt ee kuckt, a wéi enger Form een déi russesch Staatsgelder, déi an Europa sinn, kann eng Kéier gebrauchen, fir d'Ukrain fir deen enorme Schued, dee Russland gemaach huet, ze dedommagéieren."
Lëtzebuerg géif dowéinst “déi Diskussioune konstruktiv begleeden”, esou de Premier.
Gläichzäiteg géif ee kucken, “datt déi belsch Frënn a Noperen do net eleng an deem Dossier gelooss ginn”.
Frieden wëll um “Verbrenner-Aus” festhalen
Kontrovers wäert op dësem EU-Sommet de Sujet Klimaschutz diskutéiert ginn. Eng Partie Länner hätte gäre Garantien dofir, datt déi europäesch Klimaziler net der Industrie schueden. Si fuerderen, datt dogéint Mesure musse geholl ginn.
“Mir brauchen de Klimaschutz. Well de Klimawandel ass eng grouss Gefor fir d'Mënschheet”, sou de Luc Frieden. Fir Lëtzebuerg wier et wichteg, “ambitionéiert ze sinn”. Zugläich misst een awer och flexibel a pragmatesch bleiwen.
Fir de Premier heescht dat och, “den Entreprisen ze hëllefen, déi ekologesch Transitioun fäerdeg bréngen” an hinnen déi respektiv Hëllefen, Incentiven ze ginn.
Um Sommet kéinte verschidde Länner probéieren, EU-Ziler, iwwert déi een sech schonn eens gouf, nees a Fro ze stellen. D’Europäesch Vollekspartei zum Beispill, där och de Premier Luc Frieden ugehéiert, wëll den Aus fir de Verbrenner-Moteur nees op de Leescht huelen. D’EU hat am Fong decidéiert, datt bis 2035 keng nei Autoe méi mat engem Verbrenner-Moteur dierfe verkaf ginn.
De Luc Frieden ass net dofir, dat ze änneren.
“Ech menge mir sollten net all Dag eis Reegelen, eis Ziler, déi mer eis ginn hunn, änneren.”
Et sollt een elo an eng gewësse Richtung schaffen, sou den CSV-Politiker. Zugläich misst een d'Suerge vun de Betriber verstoen an hinnen net einfach Reegelen imposéieren. “Dat ass déi Wirtschaftspolitik an déi Ëmweltpolitik, un där mir schaffen”, präziséiert de Luc Frieden.