Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Eddie Chacon - Let You Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Arrestatioun wéinst illegalem Waffebesëtz

Police mellt

Arrestatioun wéinst illegalem Waffebesëtz

D‘Police huet en 32 Joer ale Mann wéinst illegalem Waffebesëtz festgeholl. Wéi de Parquet matdeelt, hat en Zeien de leschte Sonndeg d‘Police geruff, well hie Waffen an enger Camionnette um Potaschbierg leie gesinn hat.

auto_stories

1 min

D‘Gefier gouf mat engem Awunner vu Gréiwemaacher a Verbindung bruecht. De Parquet huet doropshin eng Perquisitioun beim Verdächtegen doheem ordonéiert, et gouf och en zweeten Auto duerchsicht. An der Wunneng gouf näischt fonnt, am Won louch allerdéngs geféierlech Munitioun. Déi gouf direkt zerstéiert. 

De presuméierte Waffebesëtzer war den Autoritéite scho bekannt, hie konnt e Sonndeg awer net lokaliséiert ginn an och d‘Camionnette um Potaschbierg war verschwonnen. No enger Sichaktioun vun der Spezialunitéit vun der Police konnt hien op Allerhellege schliisslech festgeholl ginn. 

En Donneschdeg koum de Mann virun den Untersuchungsriichter, gouf ugeklot a sëtzt elo an Untersuchungshaft. D‘Anti-Terror-Sektioun vun der Police gouf mat der Enquête beoptraagt. Et gëllt wéi ëmmer d‘présomption d‘innocence.