Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Arméissyndikat stellt seng Fuerderungen un déi zukünfteg Regierung

Arméi

Arméissyndikat stellt seng Fuerderungen un déi zukünfteg Regierung

De professionelle Syndikat vun der Lëtzebuerg Arméi SPAL stellt seng Fuerderungen un déi zukünfteg Regierung. Dorënner d'Schafe vun engem eegestännege Ministère, oder d'Aféiere vun der Karriär C2 fir Zaldoten.

auto_stories

1 min

Eng Fuerderung ass d‘Schafe vun engem eegestännege Ministère an d'Ofschafe vum Bewäertungssystem an der Fonction Publique an dem entspriechenden Artikel am Arméisgesetz. Weider fuerdert de SPAL een onofhängege Kommissär, deen tëscht Defense, Arméi, Parlament a Regierung agéiere kéint an Uspriechpartner kéint si fir d’Membere vun der Arméi am Fall vu Problemer oder Konflikter.

De SPAL fuerdert och eng Opwäertung vum Zaldotestatut an d‘Aféiere vun der Karriär C2 fir d‘Zaldoten.