Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Argentinien: Protester géint Reforme vun der ultra-liberaler Regierung

Onrouen zu Buenos Aires

Argentinien: Protester géint Reforme vun der ultra-liberaler Regierung

An der argentinescher Haaptstad Buenos Aires ass d‘Police mat Tréinegas a Waasserkanoune géint Demonstrante virgaangen. Si hu virum Kongress géint ëmstridde Reforme vun der ultra-liberaler Regierung vum President Javier Milei manifestéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Fernando Gens
(Foto: picture alliance/dpa | Fernando Gens)

Autoe goufen a Brand gestach a verschidden Demonstranten hu Steng a Molotoff-Cocktailen op Poliziste geworf. Argentinesche Medien no hätt et Blesséierter ginn. Si schwätze vu krich-änlechen Zoustänn op de Stroosse vu Buenos Aires.

Déi geplangte Reforme gesinn ënner anerem eng Privatiséierung vu staatlechen Entreprisen a manner héich Pensioune vir. Si gi vu Parteie vum lénke Bord an de Gewerkschafte kontestéiert.