Radioen

On air

Moiesstudio  |  Thee Sacred Souls - Running Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Argentinien: Protester géingt de wirtschaftsliberale Cours vum neie President

Staatsbetriber ginn zu Aktiegesellschaften

Argentinien: Protester géingt de wirtschaftsliberale Cours vum neie President

An Argentinein huet den neien ultraliberale President Javier Milei d‘Reforme vun der Ekonomie lancéiert, esou wei hien et am Walkampf annoncéiert hat. 

auto_stories

1 min

© dpa | Guido Piotrkowski
(Foto: dpa | Guido Piotrkowski)

Gëschter huet hien een Dekreet mat 30 Mesuren annoncéiert. Ënner anerem gëtt domat d‘Reguléierung vum Aarbechts – an Immobiliemaart opgehuewen. Ausserdeem ginn all Staatsbetriber zu Aktiegesellschaften, mam Zil, se spéider ze privatiséieren.

Viru waren dausenden Leit zu Buenos Aires op der Strooss, fir géingt de wirtschaftsliberale Cours vun der Regierung ze protestéieren.