Dem Kanye West seng Presenz wier net am ëffentlechen Intressi, sot déi brittesch Regierung gëschter der BBC.
D'Decisioun koum, nodeems déi jiddesch Gemeinschaft a Politiker d‘Organisateure vun engem Festival kritiséiert hunn, deen de Kanye West als Headliner agelueden hat. De Rapper sollt am Juli fir dräi Nuechten um Wireless Festival zu London spillen.
De Premier Keir Starmer sot gëschter, de Kanye West hätt ni dierfen ageluede ginn. D‘Regierung stéing fest un der Säit vun der jiddescher Gemeinschaft, esou de Premier.
Seelen, datt brittesch Politiker kulturell Evenementer kritiséieren
D‘Decisioun, dem Kanye West de Visum ze verweigeren, gouf awer vu Labour, de Liberal Democrats an och de Konservative begréisst.
"Antisemitismus ass am Opschwong a ka fatal sinn. D'Iddi, engem mat esou engem Verhalensmuster eng Plattform ze bidden, ass fir mech erschreckend"
Esou de Gesondheetsminister Wes Streeting. Hien huet och u rezent Attacken erënnert.
Enn Mäerz zum Beispill goufen zu London Ambulanze vun enger jiddescher Hëllefsorganisatioun a Brand gestach. D‘Regierung hat dëst als Haassverbriechen agestuuft.
Am Oktober goufen zu Manchester an enger Attack op eng Synagog zwee Manner ëmbruecht.
Festival ouni Headliner elo ganz ofgesot
De Kanye West suergt zënter Jore mat antisemitteschen Aussoe fir Opreegung. D‘lescht Joer huet hien ee Lidd mam Titel "Heil Hitler" erausbruecht an T-Shirte mat Hakekräizer verkaaft.
Hien hat sech deemools entschëllegt a gesot, seng bipolar Stéierung wier Schold.
Wéi verschidde Sponsore vum Wireless Festival ofgespronge sinn, sot de Rapper gëschter, hie wier bereet fir sech mat der jiddescher Gemeinschaft a Groussbritannien ze treffen. Vun do koum awer wéineg Begeeschterung.
De Wireless Festival, dee keen Headliner méi huet, gouf e puer Stonnen drop ganz ofgesot.