Den 73 Joer alen Entrepreneur sollt u sech bei engem internationale Wirtschaftsforum een Discours halen, mee wier kuerz virdru schwaach gefall. Iwwer säin aktuelle Gesondheetszoustand ass näischt gewosst.
De Steve Wozniak hat Apple Computer Inc. 1976 zesumme mam Steve Jobs gegrënnt, dee schonn 2011 gestuerwen ass.