0,5 Prozentpunkte sinn et wéinst der partieller Deckelung vun 30 Prozent op de Stroumpräis. D’Inflatioun geet ëm 0,5 Prozentpunkten an d’Luucht wéinst der Hausse vum Gaspräis an 0,2 Prozentpunkte sinn et wéinst dem Mazout.
De Fait datt déi geplangte Präishausse vun 60 Prozent um Stroum ëm d’Hallschent vum Staat gedeckelt gëtt, hätt och een Impakt op d’Erfale vun der Indextranche, déi ëm 3 Méint no hanne verréckelt géif ginn, esou de Luc Frieden.