Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ana Correia da Veiga: Spëtzekandidatur war net stëmmeg

déi Lénk

Ana Correia da Veiga: Spëtzekandidatur war net stëmmeg

Eigentlech war si als Spëtzekandidatin fir d’Europalëscht vun déi Lénk virgesinn. Gëschter um Kongress zu Esch huet d’Ana Correia da Veiga sech awer fir eng Lëscht mat sechs gläich gestalte Kandidaten ausgesprach.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

Ana Correira da Veiga | © Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D’Spëtzekandidatur wier fir si op eemol awer net de richtege Wee gewiescht. An ee Konzept an deem och déi Jonk eng Plaz an der Partei solle kréien, hätt eng Spëtzekandidatin net higepasst.

„Well wat ee weess eben hei zu Lëtzebuerg mee awer och eben an aneren europäesche Länner ass de Spëtzekandidat dann ëmmer deen, dee méi Visibilitéit huet. Et ass ëmmer deen, deen da méi gefrot gëtt fir Interviews, dofir sëtzen ech och hei. An et war net stëmmeg.“

D’Politikerin erkläert och et wier ee realistesch wat d’Europawalen ugeet. Prioritéit wier net ee Sëtz ze gewannen, mee déi politesch Debatt mat ze bestëmmen.

D'Reegele solle respektéiert ginn

An zwee Joer wäert d'Ana Correia da Veiga fir den David Wagner an d‘Chamber erarotéieren, do erwaart si sech vill Aarbecht. Kritik kënnt awer elo schonn um Stil vun der neier Majoritéit.

"Mir wäerten eben dofir astoen dat d‘Reegele respektéiert ginn. Well wa mir schonn an der Politik d‘Reegelen net respektéiere wat gëtt dat e Bild no baussen. A wéi sollen eben, ech soen elo Bierger, eben d‘Gesellschaft sech dann drun halen.“

D‘Politik wier e Spigelbild, fënnt d‘Ana Correia da Veiga. Dofir sollt all Fraktioun sech un d‘Spillreegelen halen.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft