Radioen

On air

9 bis 1  |  Get Well Soon - We Are Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An der Gemeng Suessem goufen anonym Flyere fir d'Anti-LGBTQIA+ -Petitioun verdeelt

Gesellschaft

An der Gemeng Suessem goufen anonym Flyere fir d'Anti-LGBTQIA+ -Petitioun verdeelt

An der Gemeng Suessem goufen anonym Flyere verdeelt, déi d‘Awunner an Awunnerinnen dozou opruffen, eng Petitioun géint LGBTQIA+-Sujeten an de Schoulen z’ënnerschreiwen. Dat huet d‘Gemeng haut op Facebook matgedeelt

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / B-C-Designs

D‘Gemeng betount, dës Flyere géifen net vun der Gemeng kommen. De Schäfferot géif dës Aktioun net ënnerstëtzen a sech dovun distanzéieren.

Déi Suessemer LSAP-Buergermeeschtesch Simone-Asselborn-Bintz huet dës Aktioun op eis Nofro hin verurteelt. Et wier virun allem och feig, esou Flyeren anonym ze verdeelen, ouni ze soen, wien derhannert stécht.

Wéi vill där Flyeren ausgedeelt goufen, a wien derhannert stécht, wéisst si den Ament net, sou nach d’Suessememer Buergermeeschtesch Simone-Asselborn-Bintz.

Ob d‘Gemeng Suessem elo eventuell weider Demarchen ënnerhëlt, wier nach net decidéiert. D‘Buergermeeschtesch betount awer, et wier u sech net verbueden, Flyeren auszedeelen, an d‘Gemeng kéint also net vill dogéint maachen.

Mir hu mat der Buergermeeschtesch Simone-Asselborn-Bintz geschwat

Lauschterenplay_arrow