Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Night Crawling

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Amerikanesche Journalist Evan Gershkovich a Russland zu 16 Joer Prisong verurteelt

Wéinst Spionage

Amerikanesche Journalist Evan Gershkovich a Russland zu 16 Joer Prisong verurteelt

Den amerikanesche Journalist Evan Gershkovich gouf haut a Russland wéinst Spionage schëlleg gesprach an zu 16 Joer Prisong verurteelt. Dës Uklo gouf awer ni vu Moskau beluecht. De Journalist selwer, wéi och seng Famill an d‘USA hunn d‘Beschëllegungen denoncéiert.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / Globa Look Press | Petrov Sergey

Den 32 Joer ale Reporter vum Wall Street Journal a fréieren AFP-Journalist muss lo seng Strof an enger Kolonie ënnert „strengem Regimm“ ofsëtzen, sou de Riichter.

De Parquet hat 18 Joer Prisong gefuerdert, dat wéinst Informatiounen, fir den US-Geheimdéngscht CIA, déi den Evan Gershkovich gesammelt soll hunn.

De Wall Street Journal nennt dës Verurteelung iwwerdeems skandaléis. D‘Presidentin vum europäesche Parlament seet, de Gershkovic wier Affer vun engem Schäiprozess ginn.