Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Mäerz wäerte ronn 8.000 Salariéë kuerz schaffen

Konjunkturcomité

Am Mäerz wäerte ronn 8.000 Salariéë kuerz schaffen

D‘Zuel vun de Betriber, déi Chômage partiel ufroen, ass an d‘Luucht gaangen: 149 Entreprisen hunn dëse Mount eng Demande gemaach fir vu Mäerz u kuerzzeschaffen. Dat si 54 Entreprise méi, wéi de leschte Mount.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

De Konjunkturcomité, deen de Moien zesumme war, huet 118 vun deenen 149 Demandë guttgeheescht. Dorënner wiere 45 Entreprisen aus dem Bausecteur, wéi am Communiqué preziséiert gëtt.

 

Betraff sinn am ganze 7.920 Salariéen, déi vum nächste Mount un am Chômage partiel sinn. Dat sinn der ronn 400 méi, wéi am Februar.

Dës Zuele wieren awer keen Indicateur fir déi konjunkturell Situatioun am Land, insistéiert de Konjunkturcomité.