Allergië wieren um Virmarsch, sou den LIH, net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och wäit iwwert d‘Grenzen ewech. Allergië wieren zu engem globale Phenomen ginn, an si géifen sech och nach weider verbreeden.
Et gëtt erwaart, dass bis 2050 d‘Hallschent vun der Populatioun betraff wäerte sinn. Eleng zu Lëtzebuerg kascht d‘Behandele vun Allergien de Gesondheetssystem iwwer 60 Milliounen Euro pro Joer, sou den LIH.