Momentan ass nach keng Gefor. Aktuell zitt Fiselreen a Reen iwwert d’Land, mee méi nach net, erkläert de Luca Mathias.
"De Wand ass momentan nach éischter schwaach bis masseg, a wäert sech dann am Laf vum Nomëtte weider verstäerken. An haaptsächlech dann den Owend tëscht 6 an 9 Auer wann dann eng aktiv Kalfront vun deem Déifdrockgebitt iwwert eist Land zitt, da kenne Wandstéiss iwwer 90 Kilometer an der Stonn an dann och haaptsächlech am Zesummenhang mat engem kuerzem Donnerwieder oder och mat mol méi intensive Schaueren."
Déi gréisste Gefor fir den Owend ass dann awer de Wand, esou de Luca Mathias nach weider, an och dee wäert awer net zu enger Alerte rouge ginn.
"Nee, nee, dat wierklech net. Wéi gesot, do ass wierklech just wärend enger kuerzer Zäit, wou dann eben de Wand eng Kéier abrupt méi staark wäert ginn, mee d’Modeller sinn sech relativ eens, et si konsistent Valeuren do."
Vu Säite vum CGDIS heescht et, et hätt ee bis well nach keng Asätz opgrond vum Wieder gehat, an den Haut-Commissariat à la Protection national seet, et géif ee momentan d’Situatioun am Ae behalen. Aktuell ass och eng giel Warnung wéinst Héichwaassergefor, bis e Samschden an der Nuecht.