Radioen

On air

9 bis 1  |  Sault - God Will Help You Heal

play_arrow Live
search

/ Aktuell 62 Leit an der "Maison de Retour"

Kierchbierg

Aktuell 62 Leit an der "Maison de Retour"

An der "Maison de Retour" um Kierchbierg ware bis gëschter Moien am Ganzen 62 Leit ënnerbruecht – dovun 39 eenzel Männer, 1 eenzel Fra, a 6 Famillen.

auto_stories

1 min

© dpa | Boris Roessler
(Foto: dpa | Boris Roessler)

Dës Zuelen huet den Inneministère eis op Nofro hi matgedeelt.

An der Maison de Retour si Migranten ënnerbruecht, déi kee Flüchtlingsstatut kruten a Lëtzebuerg musse verloossen. 

Zu hire Retouren preziséiert den Inneministère: Zanter dem 1. September 2024 wären am ganzen 90 Persoune vun der Maison Retour transferéiert ginn oder an hir Hierkonftslänner zeréckgaangen. Déi Betraffe géifen an der Moyenne 31 Deeg an der "Maison de Retour" bleiwen.

De Ministère géif kucken, datt si esou séier ewéi méiglech transferéiert oder an hir Hierkonftslänner zeréckginn.