Op verschiddene Punkte géif et net nëmme keng Fortschrëtter mee esouguer Réckschrëtter ginn.
Et géif virun allem u konkrete Gesetzesprojete feelen, esou d’Rhéa Ziadé vun der CCDH am 100,7-Interview. Ee grousse Kritikpunkt ass, datt ëmmer nach kee Verbuet vu medezineschen oder chirurgesche Prozedure bei Intersex-Kanner virgesinn ass. Also bei Kanner bei deenen hir Geschlechtscharakteristike bei der Gebuert net eendeiteg männlech oder weiblech sinn.
Et feelt un Engagement
Am viregten Aktiounsplang gouf et dozou e Gesetzesprojet. Hei wéilt een elo an engem interministerielle Comité eng Analys dozou maachen.
"Hei feelt et wierklech un deem Engagement. Mir hate wierklech erwaart, datt do een Engagement kënnt am Sënn vun, datt ee Projet de loi deposéiert gëtt, fir datt dee Verbuet dann och an eisem legale Kader virgesi gëtt."
Analysen am Plaz Gesetzesprojeten: Dat wier en Trend deen sech duerch de ganzen Aktiounsplang géif zéien, bedauert d’Rhéa Ziadé. Mesure fir ze sensibiliséieren oder d’Rechter ze stäerke géifen net duergoen. Et miss parallel och Gesetzer ginn, déi déi Rechter richteg schützen, esou d’Rhéa Ziadé.
Réckschrëtt bei de Rechter vun Transpersounen
En anere grousse Kritikpunkt sinn d’Rechter vun Transpersounen. Och hei géif et e Réckschrëtt ginn. Den Ament sinn Transpersounen ëmmer nach drop ugewisen, e Certificat vun engem Psychiater ze hunn, fir kënne mat geschlechtsupassenden Moossnamen unzefänken.
Dee Prozess ka sech dacks iwwer Joren hinzéien. Dës Bewäertung, datt eng Transidentitéit eng Erkrankung wier, géif de Mënschen hirt Recht op Selbstbestëmmung ewechhuelen, esou nach d’Rhéa Ziadé.
Contributioune vun Acteuren net genuch berécksiichtegt
Och d’Androe vum neutrale Geschlecht an den Ausweisdokumenter oder d’Unerkennung vum zweeten Elterendeel bei gläichgeschlechtleche Koppele wier am neien Aktiounsplang net duerch kloer Mesure gereegelt.
Diversitéitsministère hätt zwar d’CCDH an aner Acteuren um Terrain consultéiert. D’Contributioune wieren awer net genuch berécksiichtegt ginn, esou nach d’Rhéa Ziadé vun der CCDH.
*Den Nationalplang vum Diversitéitsministère gëtt offiziell "Plan National LGBTIQ+" genannt. Déi Ofkierzung déi am heefegste benotzt gëtt ass iwwerdeems LGBTQIA+.