arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aktioun vun der Gewerkschaftsfront OGBL/LCGB op enger Bréck iwwer der Diddelenger A3

Aarbecht

|
reading time

1 min

Aktioun vun der Gewerkschaftsfront OGBL/LCGB op enger Bréck iwwer der Diddelenger A3

D'Gewerkschaftsunioun OGBL/LCGB huet de Moien eng Aktioun fir méi en héije Mindestloun op enger Bréck iwwer der Diddelenger Autobunn A3 organiséiert. Eng 30 Leit stoungen op der Bréck mat enger grousser Banderolle wou drop stoung: "300 Euro méi beim Mindestloun" an "1. Mee".

reading time

1 min

Aktioun vun der Gewerkschaftsfront | © Moris Garzaro
Aktioun vun der Gewerkschaftsfront (Foto: Moris Garzaro)

Nodeems d‘Regierung decidéiert huet de Mindestloun just unzepassen an net net strukturell ze héijen, hat d‘Gewerkschaftsunioun OGBL/LCGB ugekënnegt, datt si fir Protestaktioune géif mobiliséieren.

Den 1. Mee, um Dag vun der Aarbecht, kéint ee sech weider Ukënnegungen erwaarden, esou déi zwou Gewerkschaften.