Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Äisreen a Schnéi: Keng Schoulflicht haut um Mëttwoch

Héchst Wiederwarnung

Äisreen a Schnéi: Keng Schoulflicht haut um Mëttwoch

Wéinst der rouder Wiederwarnung vu Meteolux fir haut, huet en Educatiounsministère decidéiert, datt d'Schüler net an d'Schoul mussen.

auto_stories

1 min

Vun der Dispens betraff sinn d'Grondschoulen, d'Lycéeën an d'Kompetenzzenteren. 

D'Schoule bleiwen awer op fir déi Schüler, déi trotz der Dispens dohi kommen, heescht et an engem Communiqué vum Educatiounsministère. Wärend de Schoulzäite géif en Accueil assuréiert ginn. 

D'Schoulbussen, an och de Mobibus an den Adapto, fueren net, heescht et weider.