Radioen

On air

Notturno  |  The Whispers - Keep On Lovin' Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Affer ginn a Massegriewer begruewen

Iwwerschwemmungen a Libyen

Affer ginn a Massegriewer begruewen

Nach ëmmer ass d‘Situatioun a Libyen no de schwéieren Iwwerschwemmungen desastréis. D‘Administratioun am Osten vum Land, geet dervun aus, datt op mannst 5.000 Leit ëm d‘Liewe komm sinn.

auto_stories

1 min

De Chiffer ass schwéier ze confirméieren, et gëtt nämlech och gefaart, datt nach vill weider Doudeger gebuergen wäerten ginn. Rettungsekippe sichen an den Iwwerreschter vun de Gebaier no Affer, iwwerdeems Läichesäck mat gebuergenen Affer aktuell a Massegriewer begruewen ginn. Nach ëmmer ginn 10.000 Leit vermësst. Vun den Iwwerliewenden vun der Katastroph ass et den verzweiwelten Appell no humanitärer Hëllef, fir e Land, an deem et zënter Joren e Biergerkrich gëtt.