arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Wilmes: Wéi et zur Suspendéierung an engem ganz sensibelen Dossier koum

Suspendéierte Chirurg

|
headphones

6 min

headphones

2 min

play_arrow

Affär Wilmes: Wéi et zur Suspendéierung an engem ganz sensibelen Dossier koum

An der Affär ëm de Chirurg, dee vun der CSV-Gesondheetsministesch provisoresch d’Autorisatioun ofgeholl krut fir ze operéieren, geet et - 100,7-Informatiounen no – mam Philippe Wilmes ëm een Dokter, deen net nëmme politesch aktiv ass, mee och un der Spëtzt vun der ëmstriddener FindelClinic steet.

headphones

6 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Den Dokter Philippe Wilmes, Gemengeconseiller zu Leideleng (DP), fréiere Vize-President vun der Dokteschvereenegung AMMD a Grënner vun der Phial SA, déi hanner dem ëmstriddene Projet vun der FindelClinic steet, ass am Moment staarke Reprochen ausgesat.

Verschidde Knéibehandlungen aus de leschten dräi Joer gi vu verschiddene Patient:innen a besonnesch vun aneren Dokteren a Fro gestallt. De Fall gouf den 20. Januar fir d’éischte Kéier vun RTL thematiséiert, ouni d’Identitéit vum Chirurg ze devoiléieren.

16. Dezember 2025

Nei Elementer, déi eis virleien, weisen, datt d'Gesondheetsministesch Martine Deprez schonn zënter sechs Wochen iwwer d'Virwërf géint den Dokter Wilmes informéiert ass.

De 16. Dezember schreiwe fir de Collège médical de President (Dr. Claude Mousel) an de Sekretär (Dr. David Heck) e Bréif un d’Martine Deprez: Hinne wiere schwéier Fäll zougedroe ginn, wou Patient:inne mat gesonde Knéien un de Kräizbänner operéiert gi wieren. De Collège médical fuerdert d’Ministesch op, direkt ze handelen an den Dr. Wilmes provisoresch ze suspendéieren, mam Argument datt d’Gesetz déi Méiglechkeet virgesäit am Fall vun enger dringender Gefor. 

Och de 16. Dezember denoncéiert de Collège médical d’Fäll vun zwee Patienten un de Parquet.

Virum 16. Dezember 2025

Aus dem Dossier geet ervir, datt de Collège médical behaapt, e wier fir d’éischt iwwer e Whistleblower op d’Affär opmierksam ginn: Iwwer de Kanal vum Lanceur d’alerte.

Och geet rieds vun enger Reunioun de 15. Dezember am Collège médical mat Dokteren.

An den 12. Dezember krut de Collège médical e Mail vun engem Dokter, dee schwéier Virwërf géint den Dr. Wilmes erhieft. Rieds ass vu virsätzlecher Kierperverletzung par rapport zu zwee Patient:innen, déi an der Eecher Klinik en charge geholl goufen. Den Dokter seet, de Collège médical misst direkt reagéieren, fir “weider Katastrophen” ze verhënneren.

6. Januar 2026

Dräi Woche méi spéit, de 6. Januar, schreiwen Dokteren aus der Sportsmedezin an der Orthopädie vum CHL e Bréif un hir Direktesch, d’Dr. Martine Goergen. Hire Service wier zënter der zweeter Hallschent 2023 ëmmer nees mat Patiente confrontéiert gewiescht wier, déi entweder un de Kräizbänner operéiert gi wieren, oder et virgeschloe krut hätten, obwuel d’Kräizbänner - hirer Meenung no - intakt gewiescht wieren. An engem Fall ass rieds vu Kierperverletzung.

Si schreiwe vu "pratiques inhabituelles". Hir Alerte hätt nëmmen als Zil, datt d’Situatioun objektiv kéint gekläert ginn.  

Zwee Deeg drop leet d’CHL-Direktesch dee Bréif weider un de Collège médical mam Message, datt et wuel zu de Missioune vum Collège médical gehéiert fir ze decidéieren, wéi eng Demarchen ze ënnerhuele sinn. Si schéckt och eng Kopie un de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman (HRS), den Dr. Marc Berna. 

Zu dësem Ament wëssen also d’Direktioune vum HRS a vum CHL, esou wéi de Collège médical vum Bréif vun den Dokteren aus dem CHL.

Den Dokter Wilmes weess op d’mannst op offiziellem Wee zu dësem Moment nach näischt.

13. Januar 2026

Dat ännert fënnef Deeg méi spéit: Den 13. Januar signéiert d’Martine Deprez e Bréif un den Dokter Wilmes, an deem steet, datt si op Grond vun engem Avis vum Collège médical an enger akuter Gefor (“péril en la démeure”) géif a Betruecht zéien, den Dr. Wilmes fir dräi Méint ze suspendéieren.

Si gëtt eréischt den Dag drop offiziell vum Collège médical iwwer déi nei Elementer am Dossier informéiert. De 14. Januar erënnert de Collège médical d'Ministesch un de Bréif vum 16. Dezember, a stellt fest, datt een dozou nach keng Äntwert kritt hätt. Anengems reecht de Collège nei Elementer no, ënner anerem de Bréif vun den CHL-Dokteren an enger Plainte, déi mëttlerweil schrëftlech vun engem Patient beim Collège médical agaangen ass.

Aus den Ënnerlage geet ervir, datt den Dokter Wilmes de 14. Januar en éischten Deel vum Dossier (zwee prezis Fäll) hätt kënnen agesinn. Weider anonymiséiert Fäll wieren en Dag méi spéit nokomm.

20. Januar 2026

De Philippe Wilmes huet bis haut net op eis Ufroe fir eng Reaktioun reagéiert. Mee den Dossier liwwert Äntwerten, wat hien zu de Reproche seet.

An enger Stellungnam vum 20. Januar un d’Santé, déi eis virläit, schreift den Dr. Wilmes, datt et bei deenen dräi Fäll, déi hie konnt identifizéieren, net ëm gesond Knéie géif goen, well déi dräi Patient:innen zënter Jore Knéiproblemer gehat hätten.

Weider schreift hien, datt en IRM eleng net géif duergoe fir auszesoen, ob d’Kräizbänner gesond wieren oder net. A ronn engem Véirel vun de Fäll géife Kräizbänner-Operatioune gemaach ginn, obwuel den IRM keng direkt Indikatioun géif weisen. 

Och den 20. Januar gëtt de Philippe Wilmes vun der Direktioun vun den HRS geruff a kritt nom Gespréich seng Suspendéierung an der Klinik matgedeelt. D’Direktioun vum HRS wousst deen Ament schonn zënter 12 Deeg vun de Virwërf. Dem Compte Rendu vun där Reunioun no, deen eis virläit, seet den Dr. Wilmes, datt déi Dokteren, déi hien denoncéiert hunn, hie wéilten zerstéieren.

Den 21. Januar schreift den Affekot vum Dr. Wilmes der Gesondheetsministesch, de Collège Médical hätt eng Pseudo-Enquête gemaach, déi net à charge et à décharge vum Dokter wier. D’Ministesch hätt och den 13. Januar scho geschriwwen, si géif envisagéieren den Dr. Wilmes ze suspendéieren, éier si hien iwwerhaapt dozou gehéiert hätt.

22. Januar 2026

Den 22. Januar signéiert d’Gesondheetsministesch den Arrêté ministériel fir dem Philippe Wilmes fir dräi Méint d’Autorisatioun ze entzéie fir ze operéieren. Hien dierf awer nach Patient:inne consultéieren. De Spriecher vum Groupe HRS seet eis, de Philippe Wilmes dierft dat och a senger Praxis am Spidol um Kierchbierg maachen. De Cabinet wier eng Privatpraxis vun engem liberalen Dokter, an deem hien natierlech consultéieren dierft.

23. Januar 2026

D’Decisioun vun der Ministesch géif eng nei, uerg Attack op d’fundamental Prinzippie vum Rechtsstat duerstellen, kritiséiert de Mâitre François Prum, Affekot vum Philippe Wilmes. Zu där Decisioun wier et an der Suite vun enger Rëtsch vu prozeduralen Irregularitéite komm, souwuel beim Collège médical, wéi och am Gesondheetsministère.

De selwechten Dag deelt de Parquet mat, no aktuellem Informatiounsstand keng strofrechtlech Faiten am Dossier erkannt ze hunn. Wann et ëm eventuell medezinesch Feeler geet, kéint de Collège médical eng disziplinaresch Prozedur géint den Dokter lancéieren. Iwwer esou eng disziplinaresch Prozedur ass näischt gewosst. 

Den Affekot François Prum mengt doropshin, d’Ministesch sollt hir Decisioun zeréckzéien. Bleift d’Ministesch bei hirer Decisioun, wëllt den Affekot se virum Verwaltungsgeriicht ufechten.

23. Abrëll 2026

Bis den 23. Abrëll gëllt bis op Weideres dat provisorescht partiellt Beruffsverbuet géint den Dokter Wilmes. Éier d’Gesondheetsministesch kann decidéieren, ob et verlängert gëtt oder net, muss e Comité vun dräi Expert:innen de Fall um Fong analyséieren: De Ministère nennt een Expert, den Dokter, an déi zwee Experte muss sech dann iwwer een drëtten eens ginn.

Esoulaang et keen definitiivt Urteel gëtt, gëllt d’Présomption d’innocence.

Lauschtert hei d'Erklärunge vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck, firwat de Radio 100,7 den Numm vum Chirurg ëffentlech gemaach huet.

play_arrow Lauschteren