Am September hat de MouvEco e Recours dozou agereecht a sech op zwee Gesetzer beruff: engersäits op dat vun 2005 iwwer den Zougank zu Ëmweltinformatiounen an anerersäits op dat vun 2018 iwwer eng transparent an oppe Verwaltung. Datt béid Gesetzer invoquéiert ginn, huet de Moien dozou gefouert, datt d’Affär ënnerbrach gouf.
Zwee verschidde Gesetzer
Zu engem gewëssene Moment, bei den Ausféierunge vun der Vertriederin vum Stat, huet de President vum Tribunal administratif nämlech dotëschent gefunkt huet. A sengen Ae léich en Dialogue de sourds vir, well sech d’Vertriederin vum Stat op d’Gesetz vun 2018, de MouvEco awer op dat vun 2005 beruffe géif.
"Dir maacht mir d’Aarbecht schwéier", sot de Riichter zur Vertriederin vum Stat. Hie kéint esou nämlech keng Irrecevabilitéit spriechen, wuel awer eng Annulatioun, mee dat géif kee weider bréngen.
Soudatt de President virgeschloen huet, datt sech béid Parteien, plus Google, am Dezember erëmgesinn, fir de Problem geléist ze kréien.
Eenegung baussent dem Geriicht?
An der Sëtzung huet de Me Michel Meyers, Affekot vu Google, ënnerstrach, datt et hei awer ëm vertraulech Informatioune goe géif. Dobäi wier säi Client net géint Transparenz a wéisst, datt et en ëffentlechen Intressi fir déi Ëmweltinformatioune gëtt.
Een Interview wollten hien a säi Mandant allerdéngs net ginn.
De Me Chevrier, Affekot vum MouvEco, huet d’Sëtzung nawell wichteg fonnt. D’Justiz géif nämlech net ignoréieren, datt de Stat eng Responsabilitéit a Verflichtungen hätt beim Zougank zu deenen Informatiounen. Soudatt de Stat seng Positioun vläicht iwwerdenke misst, wat d’Oppeleeë vun den Informatiounen ugeet.
"Aujourd'hui, un certain nombre d'informations sont extraites de leur contexte et mises à disposition. Elles sont très limitées, elles sont très parcellaires, elles sont très incomplètes. Et aujourd'hui, ce qui est intéressant, c'est de pouvoir disposer de l'information à la source"
Dat wier eng legitim Demande, esou de Me Chevrier. Fir deen an Zäiten, an deenen den Zougank zu Informatiounen essenziell ass, dës sollte completéiert ginn, wa se net zefriddestellend sinn.
Am Dezember geet dës Affär dann um Verwaltungsgeriicht virun.