An deem Bäitrag, deen diffuséiert gouf, gesäit een den deemolegen MUDAM-Direkter Enrico Lunghi, wéi hien een Interview mat der Journalistin Sophie Schram genervt ofbrécht, an hir den Arem an de Mikro ewechdréckt.
D'Aussoe vum Caroline Mart an dem Steve Schmit
Eréischt zwou Wochen nom Interview, an enger Reunioun beim CEO Alain Berwick, hätt d’Sophie Schram den Aarm bandagéiert gehat, sot nach d’Caroline Mart. D’Chef-Redactrice adjointe huet ënnerstrach, datt si keng Kompetenzen hat fir iwwer d’Diffusioun vum Magasinn Nol op de Kapp ze decidéieren. Si gouf awer ëm hir Meenung gefrot, a war kloer géint eng Diffusioun vum Reportage.
Och de Steve Schmit, dee fir d’Programmatioun zoustänneg war, huet gemengt, datt den Interview op béid Säiten net korrekt ofgelaf wier. Den Zesummeschnëtt vum Reportage hätt a sengen Aen och vill deontologesch Froen opgeworf.
Allenzwee hu präziséiert, datt se eréischt zwou Wochen no deem Interview d’Sophie Schram mat enger Bandage un der Hand gesinn.
De Marc Thoma kritiséiert d'Enquête
Deen eenzegen, deen um Geriicht gesot huet, datt hie vun där Blessur direkt wosst, war de Marc Thoma, ee vun de véier Matugekloten, deen och um Geriicht d’Responsabilitéit iwwert de Montage komplett iwwerholl huet.
Hien huet d’Eqnuête kritiséiert, an déi sëlleg Perquisitiounen denoncéiert, déi et wärend der Enquête gouf. Hien huet och betount, datt an dëser Affär dat berufflecht Liewe vum Sophie Schram zerstéiert gi wier. Si ass iwwregens net um Geriicht, wëll se krankgeschriwwen ass.
De fréieren CEO vun RTL kënnt um Mëttwoch am Prozess zu Wuert.