Radioen

On air

Moiesstudio  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Affär Lunghi/RTL: Parquet fuerdert Geldstrof fir Marc Thoma a Sophie Schram

Geriicht

Affär Lunghi/RTL: Parquet fuerdert Geldstrof fir Marc Thoma a Sophie Schram

Am Prozess an der Affär Lunghi/RTL, huet de Vertrieder vum Parquet a sengem Requisitoire de Fräisproch fir den deemolegen CEO vun RTL den Alain Berwick a fir de Programmchef Steve Schmit proposéiert. Fir de Journalist Marc Thoma a fir d’Sophie Schram huet de Parquet eng Geldstrof gefuerdert.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

D’Partie civile huet fir den Enrico Lunghi eng Entschiedegung gefrot. An där Affär geet et ëm d’Diffusioun vun enger Emissioun am Magasinn Nol op de Kapp den 3ten Oktober 2016.

An deem Bäitrag, gesäit een den deemolege MUDAM-Direkter Enrico Lunghi, wéi hien en Interview mat der Journalistin Sophie Schram genervt ofbrécht, an hir den Arem an de Mikro ewechdréckt. Eréischt zwou Wochen nom Interview, an enger Reunioun beim RTL CEO Alain Berwick, hätt d’Sophie Schram den Aarm bandagéiert gehat. Dat hunn e puer Zeien um Prozess betount.

Den Alain Berwick hat awer an där Reunioun gesot, datt de Reportage géif gesent gi wann d’Sophie Schram eng Plainte géif deponéieren. Anerer, wéi den Ugeklote Steve Schmit an d’Caroline Mart d’redactrice en chef adjointe waren net där Meenung. Et koum dunn awer zur Sendung.

D'Fro vun der Responsabilitéit

D’Zil vum Prozess ass et ze kucke wien d’Diffusioun erlaabt huet a wie fir de Contenu an de Montage responsabel war. 

Souwuel d’ALIA, déi audiovisuell Autoritéit, ewéi och de Presserot hu vun engem Bäitrag geschwat dee géint déi deontologesch Prinzippie vum Journalismus géife verstoussen.

Den Affekot vum Sophie Schram de Maître Gaston Vogel, huet am Prozess betount, datt seng Mandantin keng Schold géif droen. Si wier net fir de Montage vum Reportage responsabel, eppes wat d’Partie civile awer a Fro stellt, wëll d’Ugekloten den Interview geliwwert huet a sech mat engem Bandage gewisen huet. Wat zu enger Manipulatioun vun der Informatioun gefouert hätt.

Parquet fuerdert datt Ugeklote fräigeschwat ginn

De Vertrieder vum Parquet huet och de Moie kloer betount, datt de Journalist Marc Thoma wosst, datt de Reportage net korrekt gemaach gi wier, et wier och eng "intention méchante” derhannert gewiescht.

Och d’Sophie Schram hätt eng grouss Responsabilitéit an där Affär wëll si wëssentlech manipuléiert hätt.

Si missten Allenzwee zu enger Geldstrof condamnéiert ginn, fuerdert de Parquet, an déi aner zwee Ugekloten den Alain Berwick an de Steve Schmit misste fräigesprach ginn, Et wier net bewisen datt si beim Ausschaffe vun deem ëmstriddene Reportage aktiv collaboréiert hunn.

Muer ass de leschte Prozessdag, da kommen d‘Affekote vun der Defense zu Wuert.

Lauschterenplay_arrow