Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bistum refuséiert finanziell Hëllef vun e puer Milliounen Euro un d'Caritas

Net an der Lag esou vill Suen ze bezuelen

Bistum refuséiert finanziell Hëllef vun e puer Milliounen Euro un d'Caritas

D’Caritas huet nach keng nei Sue fonnt fir eng Liquidatioun ze verhënneren. De Bistum huet d’Demande vun der ONG refuséiert fir eng finanziell Hëllef vun e puer Milliounen Euro ze kréien. Den Äerzbistum wier net an der Lag, der Caritas esou vill Suen ze ginn.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

Caritas | © Wikimedia Commons play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

Dat wier irresponsabel, fir den eegene Finanz- a Wirtschaftsmanagement, esou de Bistum gëschter Owend an engem Communiqué. D'Ausmooss vun der Verontreiung bei der Caritas géif dem Äerzbistum seng Mëttel iwwertreffen. De Bistum hätt awer 310.000 Euro iwwerwise fir d'Salairë vun der Caritas hir Mataarbechter:innen am Südsudan ze bezuelen. Domat kann d'Caritas elo d'Pensioune vun hire Mataarbechter:innen am Südsudan bezuelen.

Trotzdeem steet d'Caritas elo kuerz virun der Faillite

Souguer de Sozialplang, dee jo fir eng ronn 30 Mataarbechter:innen néideg ass, déi jo net vun där neier ASBL iwwerholl ginn, kéint net finanzéiert ginn. Iwwerdeems missten och nach Fournisseure bezuelt ginn. Inoffiziell heescht et, datt d'Caritas weider no Léisunge géif sichen, fir hir Liquiditéitsproblemer kuerzfristeg an de Grëff ze kréien. Wann dat geléngt, wier domadder trotzdem elo kuerzfristeg net vill gerett. D’Fondatioun krut 61 Millioune geklaut, an ass am Gaangen All hir national an international Aktivitéite ofzeginn oder ze stoppen. D’Fondatioun wäert déi nächst Joren dann haaptsächlech domadder beschäftegt sinn hir Rechtsstreidegkeeten ze klären. 

Wann et der Caritas net gelénge wäert sech iwwer Waasser ze halen, da géif ee Liquidateur d'Rudder iwwerhuelen, dee versicht alles ze maachen fir d'Scholde vun der Caritas ze begläichen, all Suen anzedreiwen déi si nach ze gutt huet, an och d'Justizprozeduren ze suivéieren. Notamment huet d'Caritas d'Kreditter contestéiert, déi se vun zwou Banken accordéiert krut. Aus Caritas-Kreesser heescht et, datt déi Fro spéitstens bis Enn des Mounts tranchéiert gëtt.

OGBL rifft zu Vollversammlung op

Den OGBL huet d'Mataarbechter:innen iwwerdeems fir eng urgent Vollversammlung haut um 12 Auer Mëtteg convoquéiert. Et wéilt een déi nächst gewerkschaftlech Demarchen am Kader vun dësem Dossier virbereeden, esou den Onofhängege Gewerkschaftsbond um Dënschdeg Owend an engem Communiqué.

Gëschter hate sech fir d'éischte Kéier eng Partie Salariéen a Clientë vu Caritas an engem oppene Bréif zu Wuert gemellt. Déi nei ASBL HUT soll zwar Mataarbechter:inne vun der Caritas iwwerhuelen. Bis elo hätt awer nach bal kee mat hinne geschwat, esou d'Signatairen.

Presidentin Marie-Josée Jacobs gëtt Feeler zou

D'Caritas-Presidentin Marie-Josée Jacobs huet op d'Reprochë vun der Caritas-Mataarbechterin Carole Reckinger an engem RTL-Interview reagéiert. D'Carole Reckinger huet kritiséiert, datt d'Caritas an d'Kierch keng Empathie gewisen a kee Kontakt mam Personal gesicht hätten. D'Marie-Josée Jacobs huet an engem RTL-Interview Feeler zouginn, si sot, si hätt sech méi ëm d'Personal misse këmmeren.

Wéi et elo no der Annonce vum Bistum mat der Caritas wäert weider goen, dozou gëtt et keng offiziell Ausso vun der Presidentin, d’Marie-Josée Jacobs. 

Lauschtert hei den Talk mam Pia Oppelplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft