Simplification administrative, dat ass d’ Stéchwuert, dat net nëmmen de Wirtschaftsminister Lex Delles, mee och d’ Regierung sech grouss op de Fändel geschriwwen huet. Dofir goufe Mesuren ergraff, déi virun allem Entreprisen Administratives erliichtere sollen. Zum Beispill bei der Kreatioun vun enger Entreprise. Do wier d'Dauer beispillsweis vill méi laang.
"An dofir wäerte mir en integréierte Prozess bei der Création d'entreprises maachen, wou mir en One Stop Shop hei um Ministère wäerten installéieren.”
Doduerch kann en Demandeur an enger Kéier all seng Donnéeën eraginn, déi da vum Staat zentraliséiert ginn. Doduerch soll vill Zäit gewonne ginn, wouvun de Wirtschaftsminister och staark ausgeet. Et wéilt een dann d'Dauer vun elo ronn engem Mount op 7 - 10 Schaffdeeg reduzéieren.
Méi Demarche iwwer myguichet.lu
Des Weidere soll de Commercekadaster op Industriezonen ausgeweit ginn. Dat soll PMEen, also klengen a mëttelgrousse Betriber, den Accès op Plaze fir hire Betrib méi einfach maachen. D’ Staatshëllefe fir Betriber sollen dann och mat manner bürokrateschem Opwand méiglech ginn. Do soll och de Once-Only-Prinzip gëllen an de Silence vaut Accord.
Domadde géif een och op d’ Fuerderunge vun den Entreprisen agoen, sou nach de Lex Delles. E weideren Aspekt deen administrativ Demarche soll méi einfach maachen, ass dee vun der Digitalisatioun. Besonnesch iwwer d’ Plattform myguichet.lu solle künfteg esou Demarchë méi oft online ofgewéckelt ginn. Doduerch musse 15.000 - 20000 Dokumenter manner per Post verschéckt ginn, wat och nees Zäit spuert. Fir d’Zukunft huet de Minister weider Mesure versprach.