arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ASTI alarméiert iwwer Niddergang vum Franséischen hei am Land

Franséisch Sprooch

|
headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow

ASTI alarméiert iwwer Niddergang vum Franséischen hei am Land

D'Auslännerorganisatioun ASTI huet rezent - no enger Reflexioun - eng Publikatioun mam Titel "Langue française au Luxembourg: entre déclin et défi pour le vivre-ensemble" verëffentlecht.

headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow
De Sergio Ferreira vun der ASTI | © Jo Diseviscourt
De Sergio Ferreira vun der ASTI (Foto: Jo Diseviscourt)

De Sérgio Ferreira vun der ASTI huet am 100,7-Interview vun engem Paradox a vun engem Risiko geschwat. Zënter Ufank vum Joer hätt ee mam Educatiounsgrupp vun der ASTI eng Reflexioun iwwer de Sujet gemaach.

“Well mir hate méi a méi Constate vum Terrain, datt do verschidde Risike wieren. Mir hunn eis zesummegesat mam Fuerscher, mam Student, mat Proffen, mat Elteren, fir iwwer de Sujet ze reflektéieren. Den éischte Constat ass effektiv, deen dote Paradox.”

Et hätt ee gemierkt, datt et ee Risiko géif ginn, vun engem Désamour vun der franséischer Sprooch.

“An den nämmlechte Moment hu mir e Koup vu Leit, déi Franséisch benotzen all Dag, dee méi grouss ass wéi fréier."

De Sérgio Ferreira schwätzt och vun engem Risiko fir d’Méisproochegkeet hei am Land, wat och eng Gefor fir d’Zesummeliewe wier. Et geséich een eng Evolutioun a verschiddene Beräicher, dorënner am Educatiounsberäich.

Zeeche vu Friemefeindlechkeet?

Huet d'Entwécklung vun der Notzung vun der franséischer Sprooch och domat ze dinn, datt et déi Sprooch ass, an där d'Lëtzebuerger sech mat Deeler vun der auslännescher Communautéit verstännegen. Ass et an deem Sënn esouguer och en Ausdrock vu Xenophobie?

“Dat ass kloer ee Constat, dee mir och maachen, datt effektiv d'franséisch Sproch haut ze gesinn ass, an dat ass och e bësse paradoxal, fir d'éischt vun de Migranten, vun de Flüchtlingen, déi heihinner kommen, vun de Grenzgänger (...). Mee am nämmlechte Moment gesi mir, datt et heiansdo och als Sproch vun den Elitte gesi gëtt.”

Projet Alpha - ze fréi oder ze spéit?

Mam Projet Alpha kënnt déi franséisch Alphabetisatioun an d'Grondschoul. Hëlleft si no Meenung vum Sérgio Ferreira vun der ASTI dem Standing vum Franséischen an der Gesellschaft, oder wäert doduerch just d'Segregatioun verstäerkt ginn?

“Mir mussen eis d’Moyene ginn, fir datt et wierkt. Well verschidde Kriticken iwwer deen dote Projet soen, datt et ze fräi ass, datt een net genuch Erfarung hätt. Par contre fir verschidde Generatiounen ass et ze spéit.”

Et wier och net just d'Alphabetisatioun op Franséisch déi kënnt, mee d'Alphabetisatioun a verschiddene Sproochen, déi da méiglech gëtt, esou d'Analys vum Directeur politique vun der ASTI Sérgio Ferreira. An dat wier meeschtens positiv.

play_arrow Lauschteren