Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ALIA: Regulatioun vu Medien a Kommunikatioun keng Prioritéit vun der Regierung

Medien

ALIA: Regulatioun vu Medien a Kommunikatioun keng Prioritéit vun der Regierung

No engem Echange gëschter mat den Deputéierten aus der Mediekommissioun, widderhëlt d‘ALIA an engem Schreiwes hir Revendicatiounen. Déi onofhängeg Autoritéit fir déi audiovisuell fuerdert virun allem méi Moyenen a méi Kompetenzen.

auto_stories

1 min

Logo vun der ALIA | © Archiv
Logo vun der ALIA (Foto: Archiv)

D‘ALIA kritiséiert, datt d‘Regierung nach keng grouss politesch Orientatioun fir d’Gesetzes-Reform fir d’Regulatioun vun de Medien zu Lëtzebuerg festgehalen hätt. Weider ass et d’Kritik, datt déi mënschlech a finanziell Moyene fir d‘Aarbecht vun der ALIA géinge stagnéieren, respektiv zeréckgoen.

Dat wat am Budget 2024 virgesi wier, géing drop hindeiten, datt eng effikass Regulatioun vun de Medien a vun der Kommunikatioun am grousse Ganzen net zu de Prioritéite vun dëser Regierung géing gehéieren, esou d’ALIA an hirem Schreiwes.