Weider huet hien de fréiere Premier och homophob beleidegt. De Mann, dee schizophren ass, huet sech de Mëtteg entschëllegt. Et wier falsch gewiescht, dat ze schreiwen.
De Vertrieder vum Parquet huet dat och esou gesinn a fir déi "problematesch Publicatioun" sechs Méint Prisong mat Sursis probatoire gefrot. D'Oplo besteet doran, datt de Mann Course bei respect.lu suivéiere soll. Dobäi soll och eng ugemoosse Geldstrof kommen.
D'Urteel gëtt den 11. Juni gesprach.
Eng ganz änlech Affär géint eng Fra vun 62 Joer, bei der och de Xavier Bettel am Viséier war, gouf iwwerdeems op den Oktober verluecht, well d'Fra haut net konnt op d'Geriicht kommen.