search

/ 4 vu 5 Konditioune fir e Genozid sinn erfëllt, seet den UNO-Mënscherechtsrot

An der Gazasträif

|
headphones

2 min

4 vu 5 Konditioune fir e Genozid sinn erfëllt, seet den UNO-Mënscherechtsrot

Den UNO-Mënscherechtsrot gehäit Israel Genozid an der Gazasträif vir. Eng onofhängeg Enquêtëkommissioun vum UNO-Mënscherechtsrot kënnt zur Conclusioun, datt 4 vun de 5 Konditioune fir Vëlkermord, déi an der UNO-Charta stinn, erfëllt wieren.

headphones

2 min

© EPA/MOHAMMED SABER
(Foto: EPA/MOHAMMED SABER)

D'Konditioune wieren: Ermorden a Blesséiere vun Zivilisten, geziilten Zerstéiere vun enger ganzer Populatioun, Blockéiere vun humanitärer Hëllef an Zerstéiere vun der Gesondheets-Infrastruktur fir Gebuerten ze verhënneren. 

Den UNO-Mënscherechtsrot besteet aus 47 Länner, déi fir 3 Joer vun der UNO-Generalversammlung gewielt ginn. Israel erkennt – grad wéi d'USA – den UNO-Mënscherechtsrot net un. 

Nei Militäroffensiv zu Gaza-City

Israel huet hënt iwwerdeems eng nei Militäroffensiv an der Stad Gaza lancéiert. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet an israeelesche Medie confirméiert, datt eng intensiv Operatioun lancéiert gi wier, fir d'Stad ganz ënner israeelesch Kontroll ze bréngen an d'Infrastrukture vun der islamistescher Hamas komplett ze zerstéieren.

Israel hat d'Populatioun opgefuerdert, a Sécherheetszonen am Süde vun der Gazasträif ze goen. An der Stad Gaza sollen awer nach Honnertdausenden Ziviliste sinn.

EU diskutéiert méiglech Sanktioune géint Israel

D'EU-Kommissioun wéilt da muer um Mëttwoch weider konkret Propose fir Sanktioune géint Israel op den Dësch leeën. Dat mellt eng Spriecherin. Dozou géif ënner anerem gehéieren, fir den Handelsvertrag mat Israel zum Deel auszesetzen.

D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hat dat schonn d'lescht Woch an hirer Ried zur Lag vun der Unioun an Aussiicht gestallt. Si hat do awer zouginn, datt et schwiereg géif ginn, déi néideg Majoritéit fir déi geplangt Mesuren ze fannen. 

D'EU ass am Ëmgang mat Israel gespléckt.