Radioen

On air

Notturno  |  Laurent Bardainne & Tigre d'Eau Douce - Oiseau Feat. Bertrand Belin

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 29 Salariéë gi bei der Firma Anthogyr zu Miersch entlooss

Entloossungen

29 Salariéë gi bei der Firma Anthogyr zu Miersch entlooss

Wéi den LCGB matdeelt mécht d'Firma Anthogyr, déi Zännimplantater produzéiert, Mëtt Juli hir Dieren zu Miersch zou. 39 Leit schaffen do. 29 Salariéë sollen der direkt entlooss ginn.

auto_stories

1 min

D‘Firma Anthogyr gehéiert zum internationale Grupp Straumann. Dee Grupp hätt keng finanziell Probleemer. Et géif hei just ëm strategesche Grënn goen, well de Grupp decidéiert huet, seng zwee Produktiounssitte zu Miersch an zu Menaro a Spuenien ze regroupéieren.

Den LCGB verurteelt déi radikal an unilateral Decisioun vun der Firma, déi och ganz iwwerraschend komm wier. Näischt hätt op sou eng Mesure higedeit, sou den LCGB, deen elo probéiert, e Sozialplang fir déi betraffen 29 Salariéen auszeschaffen.