Radioen

On air

Notturno  |  Velly Joonas - Kaes On Aeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 26 EU-Länner fuerderen humanitär Waffepaus an der Gazasträif

Noen Osten

26 EU-Länner fuerderen humanitär Waffepaus an der Gazasträif

26 EU-Länner fuerderen eng direkt humanitär Waffepaus an der Gazasträif, an dann e permanente Waffestëllstand, an d‘Fräiloossung vun alle Geiselen. Och Lëtzebuerg wier do derfir, sot de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel am 100,7 Interview nom Treffe vun den EU-Ausseministere gëschter zu Bréissel. 

auto_stories

1 min

Foto:

Ungarn huet als eenzegt EU Land d‘Fuerderung fir eng humanitär Waffepaus net matgedroen.

Déi 26 EU-Länner hunn Israel och nach opgefuerdert, kéng Buedemoffensiv op d‘Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif ze lancéieren. De Xavier Bettel huet am 100,7 Interview virun engem Amarsch zu Rafah gewarnt, well do e groussen Deel vun der Populatioun, déi aus aneren Deeler vun der Gazasträif geflücht ass, sech ophält. Hie géif eng humanitär Kris do fäerten, sou de Xavier Bettel.