Radioen

On air

E-Lodie  |  Øjerum - Stovfigur - OjeRum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Confirméiert: De Viktor Orban ass zu Moskau op Visitt

No Gerüchter

Confirméiert: De Viktor Orban ass zu Moskau op Visitt

De Moien elo war et déi offiziell Confirmatioun: Den ungaresche Premier Victor Orban ass effektiv op Visitt zu Moskau. Hien hat de Moien nach seng Efforte verdeedegt fir eng friddlech Léisung fir d‘Ukrain ze fannen. D‘Investigativplattform Vsquare hat gemellt, datt den Orban haut zu Moskau géif erwaart ginn.

auto_stories

1 min

Viktor Orban | © European Union
Foto: European Union

D‘Informatiounen hunn zu Bréissel fir Beonrouegung gesuergt, Ungarn huet grad erréicht d'EU-Présidence iwwerholl. Den EU-Aussebeoptraagten Joseph Borrell huet erkläert, datt den Orban keen iwwer esou eng Rees informéiert hätt an och kee Mandat fir Gespréicher mat Moskau hätt.

Hie géif d'EU deemno a kenger Form representéieren. De Josep Borrell huet och drun erënnert, datt de Vladimir Putin vum internationale Geriicht verurteelt gouf am Zesummenhang mat deportéierte Kanner aus der Ukrain. 

Der EU-Kommissiounspresident kéint ee mat sou enger "Berouegungspolitik" de Putin net stoppen, sou d'Ursula von der Leyen si op X. De Viktor Orban selwer sot op der Plattform X, hie wier op "Friddensmissioun" zu Moskau.