Déi weltwäit Duerchschnëtts-Temperatur louch am September bei 16,38 Grad an domat en hallwe Grad iwwer der Rekord-Temperatur vu September 2020.
Och zu Lëtzebuerg war dëse September dee wäermsten zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen um Findel, mat enger Moyenne, iwwer de ganze Mount gekuckt, vu 17,6 Grad. 3,3 Grad iwwert der Moyenne vun de leschten 30 Joer a liicht iwwer deem ale Rekord vun 2006, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux.
“Wou mer eng Moyenne vu 17, 6 Grad gemooss hunn. Den absolutten Temperatur-Dages-Rekord lo fir de Mount September hu mer dëst Joer net geknackt. Dee bleift da beim Joer 2020, d’Maximum-Temperatur, déi mer lo dëst Joer um Findel gemooss hunn, déi louch bei 29,8.”
E relativ normale Summer
Temperaturrekorder goufen och schonn dëse Summer zu Lëtzebuerg festgehalen. Meteolux huet op hirem Site vum wäermsten a sonnegste Juni an der Geschicht um Findel geschwat.
Iwwer déi ganz Summerméint gekuckt wier et awer ee relativ “normale” Summer gewiescht, erkläert de Meteorolog. Dat, well et am Juli an August relativ vill gereent huet an et bësse méi kill war
Waarm Anomalië wéinst El Niño
Datt dëst Joer global gesinn dat wäermste Joer zanter den Opzeechnunge kéint ginn, hält de Luca Mathias fir duerchaus warscheinlech.
“Am tropesche Pazifik gi mer lo an eng El Niño-Phase, dat heescht do hu mer da méi waarm Anomalien. Dat heescht d’Mieresuewerfläch ass méi waarm par Rapport zu der Moyenne an dat dréit ëmmer nees dozou bäi dass dann d’Probabilitéit méi héich ass dass mer een immens waarmt Joer kréien, global gesinn.”
Dem Meteorolog vu Meteolux no wier eng kloer Tendenz ze erkenne vu Rekorder déi a punkto Temperatur, Reen a Sonnestonne gebrach ginn. Déi Phenomener stinn dem Luca Mathias no ganz kloer am Zesummenhang mam Klimawandel.